Aspuerung vun Energie bei de Gemengen an dem Staat

Verschiddenen europäesch Länner, wéi Éisträich a Spuenien, hu konkret Spuernossnahmen ugekënnegt, wat hire Gas- an Elektreschkonsum ugeet. Deemno dierfe staatlech Gebaier manner gekillt oder gehëtzt an och manner beliicht ginn, fir Energie ze spueren. D’Reduktioun vun der Beliichtung (Facadebeliichtung grad ewéi Stroossebeliichtung) huet hei de Virdeel, dass se och d’Lichtverschmutzung reduzéiert an doduerch besser fir eis lokal Déierewelt ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Regierung zur Aspuerung vu Beliichtung op Gemengenniveau op mannst bis zum Enn vun der Energiekris?

  2. Wéi eng aner Energieaspuerunge (Stroum, Gas, Mazout,…) wieren an de Gemengegebaier an den Hierscht- a Wanterméint ëmsetzbar?

  3. Wéi steet d’Regierung zu weideren Aspuerunge vun der Beliichtung an de Gebaier vum Staat, op mannst bis zum Enn vun der Energiekris? 

  4. Wéi eng Energieaspuerungen (Stroum, Gas, Mazout,…) wieren an den ëffentleche Gebaier hei an den Hierscht- a Wanterméint ëmsetzbar?

  5. Wäerten d’Ministeren heizou eng Circulaire un d’Gemengen an d’staatlechen Administratioune schécken? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6655

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen