D’Klappjuegd – eng flott Fräizäitbeschäftegung fir dech a mech?

D’Ëmweltministesch huet an hirer Fro n°3210 d’Klappjuegd als Fräizäitaktivitéit definéiert a schreift, datt d’Ausübung vun der Juegd am Kader vun eiser Gesellschaft muss anescht encadréiert ginn.

An deem Zesummenhang wollte mir méi iwwert dës Fräizäitbeschäftegung wëssen an hunn der Ministesch dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op meng Fro n°538 iwwert de massiven Ofschoss vu Wëllschwäin hat d’Ministesch nach geäntwert: 
    “D’Klappjuegd ass eng vun de gesetzlech erlaabte Juegdmethoden fir Wëld ze bejoen, déi am Moment am Kader vun enger breeder Diskussioun evaluéiert gëtt.”
    Ugesiichts der Tatsaach, datt d’Ministesch d’Klappjuegd elo als Fräizäitaktivitéit definéiert huet an och schreift, datt d’Ausübung vun der Juegd muss recadréiert ginn, wäert si sech dofir asetzen, datt d’Klappjuegten zu Lëtzebuerg wäerte verbuede ginn? Falls jo, wäert dëst nach an dëser Legislaturperiod geschéien?
  2. Sinn och Dréckjuegten als Fräizäitaktivitéit ze begräifen an deemno elo am Kader vum neie Covid-Gesetz verbueden?
  3. Wann d’Klappjuegd nëmmen eng Fräizäitbeschäftegung ass: wéi eng Krittäre muss dës Fräizäitbeschäftegung erfëllen, fir dass een den Accès op ganz Grondstécker Bësch dofir späre kann? 
  4. Wëssend, datt verschidden Déiereschutzorganisatiounen oder Veräiner sécherlech och gären ee Nomëtteg de Bësch fir hier Aktivitéite beusproche wéilten: Fir wéi eng aner Fräizäitaktivitéite kann een de Bësch soss nach späre loossen? 
  5. No wéi enge Krittäre muss eng Fräizäitbeschäftegung, wéi d’Klappjuegd, signaliséiert, bzw. ausgeschëldert ginn?
  6. Wéi ginn Schoulklassen oder Veräiner, déi an de Bësch ginn, am Viraus virun enger Klappjuegd gewarnt? (Nieft den eventuellen Krittäre vum Ausschëlderen aus der viregter Fro) 

Fro Nummer 3252

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen