8030 – Projet de loi portant modification :1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 ;2° de la loi modifiée du 24 juin 2020 portant introduction de mesures temporaires relatives àla loi communale modifiée du 13 décembre1988 et à la loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile dans le cadre de la lutte contre le Covid-19

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, schonns dräi Wochen –
bon, net emol genau dräi Wochen –, nodeems mer déi
lescht Covidännerung gestëmmt hunn, kënne mer dat
dann haut schonn nees maachen. An d’lescht Joer war
et éischter esou, datt mer all dräi Wochen hu misse verschäerfen, dës Kéier kënne mer no dräi Wochen nach
eng Kéier labberen. An ech mengen, et ass jiddwerengem vun eis awer eng grouss Freed, trotz de steigenden Zuelen, datt mer hei nach eng Kéier Labberunge
kënne maachen.
Sécher kann ee sech froen, firwat dës Mesuren net
schonn éischter geholl goufen, Wa mer et virun dräi
Woche konnte maachen, dann hätt ee vläicht deen
heite Jet och scho kënne matmaachen. Dat hätt een
héchstwarscheinlech kënnen, ma et gouf jo och diskutéiert. Schlussendlech huet d’Regierung dat net
zréckbehalen, soudatt et dann dräi Woche méi laang
gedauert huet. Mee um Enn vum Dag, mengen ech,
ass eppes, wat dës Pandemie eis geléiert huet: datt
ee virsiichteg a schrëttweis virgoe soll.
A vis-à-vis vun all deenen Onsécherheeten, an ech
mengen, d’Kolleeginnen an d’Kolleegen hunn et hei
op der Tribün scho gesot: Mir hunn e Virus, deen
nach ëmmer mutéiert, deen nach ëmmer zirkuléiert,
a wou mer einfach immens grouss Onsécherheeten
hunn, wéi et weidergeet. An do stellen ech mer dann
einfach d’Fro … an dat mécht mer dann awer e bësse
Suergen, datt mer e Mount méi spéit nach ëmmer op
en Avis waarden an datt d’Regierung net kloer Faarf
bekennt.
Iergendwann eng Kéier ass et och un de Parteien,
fir kloer politesch Choixen ze maachen, fir kloer ze
trennen, wat se dann elo wëllen oder net, an dat
dann och ze kommunizéieren. Mir Piraten hunn dat
an eisen Debaten hei an der Vergaangenheet scho
gemaach, wann et ëm d’Impfflicht geet. Bei der Regierung, jee nodeem, wéi eng Partei oder wéi ee
Minister ee freet, oder dann aus der Majoritéit, jee
nodeem, wéi een Deputéierten ee freet, héiert een
eng Kakophonie u verschiddenste Messagen: Mir
wëllen eng Impfflicht; mir wëlle keng; mir wëllen eng
sektoriell; mir wëlle keng sektoriell; mir wëlle se nach
am Summer stëmmen, fir datt mer se am Hierscht
hunn; jo, vläicht komme mer dann awer nach eng
Kéier fréi am Hierscht zesummen.
Also ganz éierlech, domadder mécht ee kee Vertraue
bei de Leit. An ech mengen, souguer bei Iech op där
doter Säit … Also, datt mir op där heiter Säit – op där
Säit, op där ech an der Chamber sëtzen – net am „secret des dieux“ sinn, verstinn ech jo, mee wann een
awer Vertraue fir eng Impfflicht wëll opbauen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, da muss awer wéinstens d’Majoritéit iergendwann mat enger Stëmm dozou kënne
schwätzen.
M. Dan Kersch (LSAP) | Haalt Iech un dat, wat d’Gesondheetsministesch seet, da sidd Der gutt beroden!
(Interruption)
M. Sven Clement (Piraten) | Här Kersch, souguer an
Ärer Partei gëtt et jo ënnerschiddlech Aussoen.
(Coups de cloche de la présidence)
M. Dan Kersch (LSAP) | Zu deem doten Theema:
Haalt Iech un dat, wat d’Gesondheetsministesch seet,
da sidd Der gutt beroden!
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, …
(Interruption)
M. Dan Kersch (LSAP) | Genau dat.
M. Sven Clement (Piraten) | … ech hu keng Fro
héiere vum Här Kersch, da muss ech och net drop
agoen. Dat do war alt erëm nëmme fir ze stéieren.
(Interruptions)
M. Roy Reding (ADR) | Comme d’habitude!
M. Sven Clement (Piraten) | Ech mengen, trotz den
héijen Infektiounszuele si mer an de Spideeler am
Moment an enger stabiller Situatioun an dat erlaabt
eis, eebe genau dës Mesuren och elo am Gesondheetssecteur an am Fleegesecteur ze labberen. Den obligatoresche CovidCheck gëtt soumat, nodeems e scho quasi iwwerall verschwonne war, dann elo
och fir Visitten am Spidol oder am Altersheem gestrach, wärend d’Maskeflicht awer bestoe bleift. An ech mengen, datt dat och e wichtege Choix ass fir ze soen, datt mer weiderhi grad am Ëmfeld vu Vulnerabelen op Maske setzen. Ze betounen ass dobäi awer, an ech sinn es och net midd ginn, an der Kommissioun ze betounen – an
ech sinn och dem Rapporter, deem ech fir de Rapport
Merci soen, dankbar, datt en déi Umierkungen nach
mat an de Rapport opgeholl huet –, datt mer d’Hausrecht an domadder och d’Méiglechkeet fir Dokteren,
eng Maskeflicht an hire Praxissen duerchzesetzen,
nach eng Kéier kloer am Rapport verankert hunn. Et
ass heiansdo: „Ça va mieux en le disant“. Et ass dat,
well u sech d’gesetzlech Basis kloer war, mee wa
souguer de Collègue médical Froen opwerft, wann
d’COPAS Froen opwerft, da sollt een déi am Rapport
zumindest och beäntweren. Merci nach eng Kéier,
datt dat gemaach gouf.
D’Kolleeginnen a Kolleege virdrun hunn hei vun onofhängegen Etüde geschwat. Also fir déi, déi virdrun nach net mat hire Fraktiounscheffe geschwat hunn: Mir kruten alleguerten eng Invitatioun, fir denJuli elo mat der OECD, mat enger onofhängeger Kommissioun, ze schwätzen, fir eebe genau bei esou enger Etüd matzemaachen. Also, ech di mech wierklech schwéier, elo ze soen: „Mir fuerderen nach eng onofhängeg Etüd“, wa mer nach net emol wëssen, wat bei där éischter erauskënnt. Et kann een driwwer streiden, ob se net hätt éischter misse kommen. Do
sinn ech ganz bei der CSV, datt déi hätt missen éischter kommen. Mee ech sinn awer der fester Iwwerzeegung, datt mer elo emol d’OECD mussen hir Aarbecht maache loossen an net elo schonn d’Onofhängegkeet vun der OECD sollten a Fro stellen. Dat ass awer e
bësse wäit hiergeholl. Deementspriechend zur Etüd:
Et hätt missen éischter kommen. Ech sinn awer frou,
datt mer do elo alleguerten, och d’Chamber, gehéiert
ginn.
Virdrun hunn ech hei nach e farfelut Argument zum
Dateschutz héieren, wou Froe gestallt goufen. Also,
ech hu mech an där Kommissioun vill mat den Dateschutzfroen auserneegesat an ech si mer relativ sécher,
datt am Gesetz op all Fro, déi hei op der Tribün gestallt
gouf, eng ganz kloer Äntwert drasteet an datt een u sech nëmmen eng kleng Lektür vum Text misst maachen an da wär een och méi schlau ginn an et misst een net hei an der Chamber e Stunt maachen.

Bref, dat gesot, eng weider Labberung, wéi se hei am Projet steet, fënnt eise Support. Mir Piraten begréissen et a kënnen duerfir mat Freed eisen Accord zu dësem Projet de loi ginn. Ech soen Iech Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech wäert elo net iwwer Fussball schwätzen. Dat,
mengen ech, wär e bësse falsch elo op där Plaz.
Ech mengen, wann een d’Motioun hei kuckt, da stinn
einfach Saachen als Éischt emol dran, déi falsch sinn.
En „EU-Impfpass“ … Also, déi lescht Kéier, wéi ech gekuckt hunn, hunn ech ni en „EU-Impfpass“ kritt. Ech
krut e lëtzebuergesche CovidCheck-Certificat an dat
war eng Attestatioun, datt ech geimpft war géint eng
spezifesch Krankheet. Dat ass dat Eent. Also géint een
Erreeger, fir genau ze sinn.
Déi Impfpäss, déi mer hunn, si meeschtens giel. Dat
ass eemol den nationale Modell, an da gëtt et den internationale Modell, dee vun der OMS – oder op Englesch WHO – emettéiert gëtt, deen och zu Lëtzebuerg
verdeelt gëtt an deen déi meescht Leit, déi e bësse
méi wäit reesen, och kennen, well se iergendwann
eng Kéier bei de spezialiséierte Service waren, fir
nach déi eng oder aner Impfung derbäizekréien. Wéi
een EU-Impfpass mer also géifen ofschafen, ass mer
net ganz kloer. Mir kéinten héchstens eng Attestatioun ofschafen, well nëmmen eng Impfung mécht
nach keen Impfpass.
Dann dat Zweet: en „drasteschen Agrëff an d’Reesfräiheet“. Krank sinn ass och en drasteschen Agrëff a
meng Gesondheet, muss ech elo éierlech soen. Et ass
och esou, datt Lëtzebuerg net dat Land ass, dat hei
am striktsten ass. Mir hunn e Règlement grand-ducal,
dee geholl gouf an an deem ganz kloer gereegelt ass,
aus wéi enge Grënn een och als Drëttstaatler däerf op
Lëtzebuerg kommen, wann ee kee kompletten Impfscheema huet. Et ginn also tatsächlech Pisten, wéi
ee kann op Lëtzebuerg kommen, ouni e kompletten
Impfscheema ze hunn.
Dat ass eppes, wat ech reegelméisseg mam Yves
Cruchten an der aussepolitescher Kommissioun diskutéieren, well et Leit gëtt, déi op Lëtzebuerg komme
mussen, fir hir administrativ Demarchen ze maachen,
an déi dann trotzdeem, obwuel se aus engem Land
kommen, wou se eebe keen AstraZeneca, kee Moderna
oder wat och ëmmer konnte geimpft kréien, kënne
kommen. Dat geet!
Ob elo de Fussball esou wichteg ass, datt ee sech
do muss eng Derogatioun froen, dat iwwerloossen
ech all Fussballsfan, selwer ze bewäerten. Ech weess
awer, datt souwuel an der Champions League wéi
an der Europa League wéi och an anere Sportaarte
ganz, ganz vill Veräiner spillen an an der ganzer Welt
ënnerwee sinn an déi scheinbar manner Problemer
hu fir ze reese wéi déi, déi den Här Reding hei genannt huet.
A schlussendlech: Déi gesammelt Donnéeën – dozou
hunn ech schonn alles gesot. Ech mengen, datt dat
am Gesetz kloer gereegelt ass a mer dofir keng Motioun brauchen.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen