M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och vu mir als Éischt e
grousse Merci un de Rapporter fir säi mëndlechen a
schrëftleche Rapport.
Mir musse just virun d’Dier vun der Chamber kucken
an da gesi mer dat, wat all Joer de Fall ass, nämlech
datt fir vill Kanner am Land elo déi lescht Schoulwoch
ugebrach ass, virun enger laang erseenter Summervakanz, op déi mer eis, mengen ech, alleguerte freeën. An domadder kreesen d’Gedanken elo mol als Éischt ëm Fräizäit a Spaass mat de Kolleegen.
Mee déi nächst Rentrée kënnt bestëmmt a se wëllt
virbereet sinn, an dat net nëmmen am Beräich vun
der formaler, mee eeben och am Beräich vun der
nonformaler Bildung.
Dofir freeë mer eis haut, dësen Text ze stëmmen,
deen hoffentlech ville Familljen am Schoulalldag
zeguttkomme wäert. E käschtefräien Zougang zur
nonformaler Bildung an och e gratis waarmt Mëttegiesse kënne fir vill Famillje mat klenge Revenuen
duerchaus eng grouss Entlaaschtung sinn. An dofir
ënnerstëtze mer de virleiende Projet, och wa mer der
Meenung sinn, datt et hei trotzdeem nach weider Efforten ze maache gëtt.
Kucke mer nämlech op de Volet vun der Chancëgläichheet, op deen am Exposé des motifs jo awer sou
gäre verwise gëtt, dann erkenne mer eigentlech séier,
datt hei awer nach laang net all Kand déi selwecht
Chancen huet. Kanner, déi a Gemenge wunnen, an
deenen d’Betreiungsstrukture chronesch iwwerlaascht
sinn an d’Waardelëschte laang voll sinn, hu keen Zougang zu der Offer, déi mam virleienden Text geschaf
gëtt, an Elteren, déi Schichte schaffen, kënne mat dëser Offer och vill manner ufänke wéi Elteren, déi e klassesche Bürosjob maachen.
Dat ass besonnesch problematesch, wann ee bedenkt, datt d’Zil vum Projet sollt sinn, d’Kanner aus Famillje mat klenge Revenuen ze erreechen. Well zum Beispill grad am Botzsecteur oder och am Horeca,
wou tendenziell méi niddreg Paie bezuelt ginn, ginn
oft Aarbechtszäite gefrot, déi kengem typeschen
Néng-halwer-sechs-Dag entspriechen. Hei muss
ee sech also d’Fro stellen, ob déi Leit, déi am dréngendste vun der Gratuitéit vun den offréierte Servicer
profitéiere sollten, och tatsächlech en Accès dozou
kréien. An déi Fro kann ee just beäntweren, wann een
Zuele sammelt.
Ech denken dofir, datt et wichteg wier, no enger
kuerzer Agewinnungsphas eng detailléiert Analys
doriwwer ze maachen, wéi eng Kanner aus wéi enge
Famillje vu wéi enge Betreiungsoffere profitéieren,
fir esou ze gesinn, wéi d’Zuelen hei par rapport zum
Akommes an der Beruffsspart vun den Eltere variéieren. Esoulaang sech hei frappant Ënnerscheeder
sollte feststelle loossen, wäert een net vu Chancë-gläichheet schwätze kënnen.
An dat kann een och net, wann ee sech d’Wielméiglechkeete vun de Familljen ukuckt, wat d’Betreiungsmodeller ugeet. De Bildungsministère betount zwar
gären, datt et sech bei der nonformaler Bildung ëm
eng Offer handelt, vun där ee profitéiere kann, mee
net muss. Mee grad akommesschwaache Famillje feelt dach ganz einfach oft de Choix. Si kënne
sech net eraussichen, hir Kanner selwer doheem
ze versuergen, well all déi staatlech Leeschtunge
Saachleeschtunge sinn, déi ronderëm déi staatlech
Betreiungsstrukturen dréien.
Wie seng Kanner selwer doheem wëllt versuergen,
muss ouni staatlech Aiden auskommen oder mat
ganz wéineg. An dat ass grad mat niddregen, mee
och schonns oft mat mëttleren Akommessen – déi
ominéis Mëttelschicht – onméiglech.
Hei maache mir Piraten eis säit Laangem staark fir
e bore Chèque-service accueil, deen deene Famillje
sollt ausbezuelt ginn, déi net vun der staatlecher
Betreiung profitéiere wëllen, fir si net am Stach ze
loossen. An ech mengen, wa mer an deene leschte
Méint eng Kéier gekuckt hunn, wat op d’Questionparlementairë geäntwert gouf, wat eng Plaz an enger
Crèche, wat de Chèque-service accueil deelweis pro
Kand kascht, dann ass dat nawell substanziell.
Nee, et däerfen net just déi, déi sech et leeschte kënnen, e Choix hunn, mee jidderee muss de Choix kënnen hunn. Leider enthält dësen Text keng esou eng
Dispositioun, mee ëmmerhi verbessert en d’Situatioun vun deene Familljen, déi sech fir eng Betreiung
an enger Maison relais entscheet hunn an d’Chance
haten, eng Plaz ze kréien.
Dat ass ëmmerhin en Ufank. Et ass awer sécherlech
net d’Enn vum Wee, mee trotzdeem wäerte mir Piraten dofir dëse Projet de loi matstëmmen.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Okay. Also, pardon …
Ech sinn e bësse sproochlos grad. Engersäits gëtt
akzeptéiert, datt et e Problem ass, …
(Interruptions)
… mee et gëtt näischt gemaach.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass …, dat hunn ech
elo verstane vun der Majoritéit. Wann ech Iech falsch
verstanen hunn, pardon, mee déi Motioun hei, sou
wéi se hei steet, seet eng vun deene Mesuren … An
ech mengen, datt et ganz kloer ass, datt et nach aner
Indexkäschte gëtt, déi an d’Luucht gaange sinn. Doriwwer kann ee gären diskutéieren. Ech mengen, datt
nach eng zweet Motioun duerno kënnt, d’Motioun
3 vun der CSV, déi jo en aneren Deel wëllt indexéieren. Just, well d’CSV hei nëmmen een Deel elo wëllt
indexéieren, kann ee jo net einfach soen: „Nee, mir
maachen näischt, well mer drop waarden, datt mer
iergendwann eng Kéier vläicht eng Wonnerléisung
hu fir alles.“ Also ech sinn der Meenung, datt mer heiansdo mussen och Politik vun de klenge Schrëtt maachen an dat maachen, wat hei néideg ass.
Ganz éierlech: Wann et vun 10.000 op … Soe mer
och nach, d’CSV hätt sech geiert, soe mer nach, si
hätt sech ëm 50 % geiert, da géife mer nach ëmmer
vun 10.000 op 13.500 Euro eropgoen. Dat wären
nach ëmmer 35 % méi wéi haut. Also souguer wann
d’CSV … Soe mer och nach si géife sech ëm 75 %
ieren, …
(Interruption par M. Marc Spautz)
… da wäre mer nach ëmmer bei 1.700 Euro.
(Hilarité et interruptions)
Also ganz éierlech, …
(Interruptions)
… souguer wann ee sech nëmmen ëm 1 % hei géif
ieren … Et ass egal. Et muss indexéiert ginn! Hei muss
een net emol driwwer nodenken. Souguer wann hei
iergendwou eng Zuel vläicht falsch wär, kann een dat
dote matstëmmen. An d’Regierung soll dann opgefuerdert ginn, dat ze preparéieren.
M. Sven Clement (Piraten) | Ech sinn net vu Péiteng.
M. Sven Clement (Piraten) | Wat eng Spillschoul!