M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Merci och un de Rapporter fir säi Rapport, dee ganz
exhaustiv war. Et muss ee vläicht soen, datt dat heiten e wichtege Projet ass an deem Sënn, datt mer
endlech – an ech betoune wierklech „endlech!“ – mat
engem Traitement ophale vun Demandeurs de protection internationale, wou se Bonge kruten, fir bei
den Dokter ze goen, wou se quasi ëmmer Bittsteller
waren, fir bei den Dokter kënnen ze goen. A wa kee
Bong méi do war, hu se missen en neie Bong froen.
Hei gi se elo normal affiliéiert an domadder hu mer
eng ganz Rëtsch vun deenen administrativen Hürden
net méi. An ech mengen, datt mer dat schonn éischter hätte kënne maachen. Mir hätten dat scho kënne
bei fréiere Flüchtlingswelle maachen. Mee et ass ni ze
spéit, fir aus der Geschicht ze léieren.
Duerfir begréisse mir Piraten, datt dat hei geschitt, datt
mer eng Simplification administrative am Interêt vu
Mënsche maachen. An ech mengen, dat ass dat, woufir
Politik soll stoen. An dat heiten – ech mierken, et gëtt
jo eng Unanimitéit, mengen ech – ass e staarkt Signal
vun der Chamber, fir awer ze weisen, datt mer eis Humanitéit net vergiess hunn.
- December 8, 2023
- 1:19 pm
- Natur, Ëmwelt & Klima, Parlamentaresch Froen
Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well