7859 – Projet de loi portant modification :1° de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant lescadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire ;

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wäert elo déi grouss Harmonie heibannen e bëssen zerstéieren, well esou wéi d’lescht Joer scho wäerte mir och haut dergéint stëmmen. Mir soten et schonn d’lescht Joer: De Stage vu véier Wochen, deen een huet misse packen, fir dierfen an enger Schoul ersetzen ze goen, war nach ni eng detailléiert Formatioun, mee et war ëmmerhin eppes. Wärend dësem Schouljoer, wat jo haut fir vill glécklech Schülerinnen a Schüler an Enseignanten zu Enn gaangen ass – wat fir Verschiddener wiederbedéngt jo leider och schonns gëschter op en Enn gaangen ass – an hinnen et elo erlaabt, hir verdéngte Vakanz genéissen ze kënnen, wärend dësem Schouljoer konnte Remplaçantë ganz ouni
Ausbildung direkt a Schoule schaffe goen. Als Grond fir dës speziell Ausnam hat de Minister deemools gesot, datt Personal géif gebraucht gi wéinst der Covidkris. Elo si mer e Joer méi spéit. E Joer hat de Minister Zäit, eng Léisung ze fannen. An trotzdeem sti mer
anscheinend nees oder nach ëmmer virum selwechte Problem. Mir brauche Personal a mir kënnen net waarden, datt se nach e Stage vu véier Woche maachen. Wéi kann dat sinn, e Joer méi spéit? Wéi kann et sinn, datt de Minister elo wierklech nach eng Verlängerung vun den Ausnamereegele brauch, obwuel wéinstens zanter Oktober 2020 an eigentlech jo och schonns virdru kloer war, datt mer Remplaçantë géife brauchen? Wat schwätzt dergéint, an der aktueller sanitärer Situatioun nees Stagen ze maachen? Restaurante sinn op, Partye si méiglech an och grouss Evenementer wéi Concerte ginn nees ugebueden. Mee eng Formatioun, wou ee Stagiaire zousätzlech an enger Klass soll intervenéieren, soll weider net Mir ware schonn am Oktober 2020 géint dëse Projet a mir si selbstverständlech och elo géint dës Verlängerung. Persounen a Schoule remplacéieren ze loossen, ouni datt hir Aptitude fir de Beruff an iergendenger Form iwwerpréift gëtt, ass fir eis inakzeptabel. Ganz egal wéi dréngend Personal gebraucht gëtt, näischt hätt dergéint geschwat, wéinstens e puer Formatiounsstonnen iwwert de Summer virzegesinn. An och e klenge Stage an den éischte Woche vun der Rentrée misst dra sinn. Wann ech den Exposé des motifs hei nämlech richteg liesen, da geet et jo net drëms, datt déi nei Remplaçantë solle ganz Klassen iwwerhuelen, mee dorëms, datt se zum Beispill sollen ënnerstëtzend an de Klassen agéieren, fir bei der Differenciatioun Leider huet de Minister sech awer derfir entscheet, dee liichte Wee ze goen a weiderhi jiddereen, deen eng Première huet a wëllt ersetze goen, einfach vun all Aart vu Formatioun a Stage ze dispenséieren. Dat ass jo och fir jidderee manner Aarbecht! Mee dat war fir eis d’lescht Joernet akzeptabel an dat ass et och duerfir haut nach ëmmer net. Mir Piraten wäerten dëse Projet duerfir haut net matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter