M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass en
Text, op deen ech mech gläichzäiteg gefreet hunn
an iwwert deen ech anerersäits net wierklech gäre
schwätzen, well u sech ass um internationale Plang
scho ganz vill dozou gesot ginn. An d’Transpositioun,
wéi sou üblech zu Lëtzebuerg, ass eng Transpositioun: „la directive et rien que la directive“.
De Laurent Mosar huet et virdrun ugeschwat: D’Regierung huet sech zwar kritesch zur Direktiv gestallt, huet souguer dergéint gestëmmt am Conseil, an awer gëtt an der Transpositioun kee politesche Courage gewisen. Et gi keng nei Pisten opgezeechent. A
mir sollten u sech och net, wéi d’Madamm Ahmedova
gesot huet, ofwaarden, fir Incertitudë viru Geriicht
opzeléisen, mee direkt anstänneg Gesetzer maachen.
Elo kann ee soen, de Législateur européen hätt dat
solle maachen, vun Ufank un. Certes! Dat huet en awer
net gemaach, an da läit et hei un der Chamber. An da
soe mir: „Ah jo, gutt, mee wann dee virun eis schlecht
Aarbecht gemaach huet, bon, da gi mir eis och mat
enger tout juste ,genügend’ zefridden.“ Mee dat ass
keng Aarbechtsattitüd, déi ech deelen! Ech sinn der
Meenung, mir sollte Gesetzer maachen, wou et keng
Incertitude gëtt, wou kloer Terme benotzt ginn a wou
net, Zitat: „quantité importante“, Zitat zou, Zitat op:
„très courts extraits“, Zitat zou, oder, Zitat: „promptement“ drasteet!
Mir brauche Gesetzer, déi applikabel sinn, déi och dee
klengste Betrib versteet, wou mer Rechtssécherheet
hunn, an déi gëtt mat där Transpositioun hei net geschafen. Dat ass sécherlech net aleng de Feeler vun
der lëtzebuergescher Regierung. Et ass de Feeler vun
Trilogen, déi um europäesche Plang komplett derailléiert sinn, wou Lobbyiste Milliounen dragestach hunn,
fir all Wuert nach iergendwou ze dréinen. A wien ass
herno deen, deen am meeschten drënner leit? Ma dat
sinn d’Konsumenten an dat si virun allem och déi, déi
kreativ schaffen, déi herno ënner Uploadfiltere wäerte
leiden. An ech wäert nach drop zréckkommen, firwat
dat och mat där heiter Transpositioun wäert de Fall
sinn.
Schlussendlech leiden déi kleng Betriber drënner, déi
sech keng Mass un deier bezuelten Affekote kënne
leeschten. An déi „big GAFAM“ – oder wéi och ëmmer
mer se wëllen nennen – laache sech an d’Fauscht, well
déi hunn hei eppes fäerdegbruecht, wat se sech net
erdreeme konnten: nämlech d’Konkurrenz vu vireran
auszeschalten. Well si kënne sech déi deier Affekote
leeschten, déi elo derfir suergen, datt si isoléiert si
vun all Haftung, wärend déi kleng a mëttelstännesch
Betriber, déi probéiere sech ze lancéieren, fir Google,
Facebook, Amazon a Co de Kampf unzesoen, guer
keng Chance hunn, fir iwwerhaapt emol aus de Startbléck erauszekommen.
Mir hunn hei en Text, deen en Dominoeffekt wäert
hunn, deen net ze kontrolléieren ass. Mir wäerten definitiv e Problem kréien zwëschent de Rechter vun de
Konsumenten. An ech waarde just drop, an ech hoffen,
datt et séier geet, datt déi éischt Prozesser wäerte gefouert ginn. An déi wäerte virum EuGH landen an déi
wäerten da mussen um Kierchbierg tranchéiert ginn.
Da wäerte mer relativ séier gesinn, datt héchstwarscheinlech grouss Deeler vun dëser Direktiv och net
mat de Grondrechter vun den europäesche Citoyene
vereenbar sinn.
Mir hate wéineg Marge de manoeuvre bei der Transpositioun. Dat ginn ech gären zou. Mee de Rapprochement zur Belsch an zu Frankräich ass a mengen
Aen eng Excuse, fir eege Choixen net mussen ze verdeedegen. Mir hätten eege Choixe kënnen huelen an
deem heiten Text. Mir hu se net geholl. A mir hunn
eis domat excuséiert, datt d’Belsch a Frankräich jo
schonn Transpositiounen op de Wee bruecht hätten a
mir eng gewëssen Änlechkeet zu dësen Texter wéilten
hunn, fir datt mer, wann et eng Kéier zu Lëtzebuerg
zu Rechtssträitegkeete géif kommen, deenen hir Interpretatioune kéinten applizéieren.
Ok gutt, mir wëssen, datt et Rechtsonsécherheet gëtt a
mir verstoppen eis dann derhannert, datt aner Länner
déi nämmlecht Rechtsonsécherheet hunn, a mir wéilten eis dann herno un deenen hir Urteeler alignéieren.
Jo, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat kann ee maachen! Dat ass awer net propper geschafft! Nach eng
Kéier: Mir sollten eis net hanner Rechtsonsécherheete
verstoppen.
Ech hunn nach e bësse politesch Kritik, mee ech wëll
awer och nach e puer positiv Aspekter oplëschten.
Éischtens d’Transparenz, Artikel 19: D’Transparenz,
datt d’Kënschtler an Zukunft genau wëssen, wien hir
Wierker benotzt, wou se agesat ginn, ass e grousse
Schrëtt no vir, engersäits fir hire Portefeuille kënnen
ze maachen, anerersäits natierlech och, fir einfach
emol ze gesinn, wéi verbreet se iwwerhaapt sinn.
Da gëtt d’Digitalisatioun vun „orphan works“, also
Wierker, wou den Editeur oder den Auteur net méi
ze retracéieren ass, wou keng Autorisatioun méi ka
gi ginn, no vir gedriwwen. Dat ass eng super Exceptioun. Dat kann ech mat zwou Hänn ënnerschreiwen.
An d’Recht op Parodie a Karikatur gëtt tel quel an
europäescht Gesetz geschriwwen. Topp!
Sou, komme mer zur Ëmsetzung, zu deene bekannten
Artikele 15 an 13/17, wéi ee se dann nennt. Den Artikel
15 ass eng „link tax“, dat kann een net schéischwätzen.
Ech si frou, datt mer am Commentaire des articles hei
zu Lëtzebuerg explizitt drageschriwwen hunn, datt
d’Metatags duerginn, fir eng Autorisatioun ze ginn. Dat
ass elo ganz technesch, a mengen Aen awer e wichtegt
Element. An ech soen dem Minister an der Kommissioun Merci, datt mer do konnten op eng Pist goen,
fir konstruktiv eng Kloerheet an de Commentaire des
articles ze schreiwen, déi derfir suergt, datt zumindest
d’Plattformen do net virun eng Rechtsonsécherheet
oder zousätzlech Rechtsonsécherheete gestallt ginn.
De Problem ass generell: Europawäit wäert dat do net
eenheetlech genuch gereegelt ginn. Et limitéiert domadder de fräie Floss vun Informatiounen a bevirdeelegt an der Konsequenz Propaganda a Fakenews, well
d’Qualitéitsmedie wäerten Autorisatioune froen, déi
wäerte wëlle remuneréiert ginn. An d’Propaganda- an
d’Fakenews-Plattforme wäerte frou sinn, fir hir, Zitat:
„News“ gratis zur Verfügung ze stellen. Domadder
maache mer genau de Contraire vun deem, wat mer
wëllen: Mir promouvéieren u sech d’Verbreedung vu
schlechten Informatiounen a mir wäerten d’Qualitéitsinformatiounen ëmmer manner op de sozialen Netzer
gesinn. Ech mengen, datt dat e ganz geféierlechen
Trend ass a mir mussen dogéint virgoen.
Dann den Artikel 17, oder Artikel 13, wéi e wärend de
Maniffen nach geheescht huet: Dat sinn Uploadfilteren, in fine. An do ginn ech der Rapportrice, där ech
Merci soe fir e ganz gudde Rapport, och wann ech
net alles dovunner deelen, net Recht. Mir hunn hei
Uploadfilteren, déi am Text stinn! Et gëtt technesch
keen anere Wee, wéi déi Dispositiounen an deem Text
ëmgesat kënne ginn.
Mir hu weiderhi rechtlech Onsécherheeten, wou sech
d’Fro stellt: Wéi ass et mat den Oeuvren? Den Term
„Oeuvre“ ass warscheinlech vill méi weit wéi d’Manifestatioun vun enger Oeuvre – erëm ganz technesch – a
wäert zu Onsécherheete féieren. An um Enn vum Dag
wäerten d’Plattforme soen: „Am Zweifel späre mer an
da kann den Utilisateur jo kloe kommen. Da kann den
Utilisateur erëm eng Fräigab hunn.“
Ech si frou, datt mer bei der Fräigab drastoen hunn,
datt et muss e Mënsch sinn, deen dat kontrolléiert,
Datt net en Algorithmus ka soen: „Et gëtt net fräigeschalt.“ Mee de Problem ass, et steet néierens dran,
datt fir ze blockéiere schonn e Mënsch muss eng
Kéier gesot hunn, datt déi Oeuvre do protegéiert ass.
Dat heescht, mir kommen an eng Situatioun, wou
d’Plattformen op Zouruff Saache spären …
(Interruption par la présidence)
… an um Enn vum Dag mussen da Mënsche soen: „A
jo, merd!, mir hunn dat awer vläicht falsch gemaach.“
Also dat, fannen ech, geet net wäit genuch. Mir si bei
Uploadfilteren. An ech hunn et gesot, dat do féiert
dozou: Kleng Plattforme gi penaliséiert. Déi kënne
sech keng deier Affekote leeschten. Déi grouss Plattforme wäerte profitéieren a mir hunn hei jo u sech e
Kaddo fir d’GAFAMe gemaach.
Domadder kann ech de Resümmee vun dësem Gesetz,
oder besser gesot vun der Direktiv, déi eeben zugronn
läit, soen: Et ass schlecht. Et ass a mengen Ae grondrechtswiddreg an et ass ganz schwaach. An dofir
wäerte mir ganz kloer, sou wéi eis europäesch Kolleegen, hei mat engem Nee stëmmen.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!