7846 – Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 18 avril 2001 sur les droits d’auteur, les droits voisins et les bases de données en vue de la transposition de la directive 2019/789 du Parlement européen et du Conseil du 17 avril2019 établissant des règles sur l’exercice du droit d’auteur et des droits voisins applicables à certaines transmissions enligne d’organismes de radio diffusion etre transmissions de programmes de télévision et de radio, et modifiant la directive 93/83/CEE du Conseil

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, och wann de Kolleeg Guy
Arendt virdru gemengt huet, et wär schonn alles
gesot ginn, muss ech e leider enttäuschen. An et ass
net, well ech mech preparéiert hunn op den Dossier,
datt ech d’Wuert ergräifen, mee well tatsächlech
Inhalter derbäi sinn, déi awer e bësse méi e breeden
Debat meritéieren.
(Interruptions)
Merci un d’Rapportrice Francine Closener. Ech mengen, dat ass hei scho gesot ginn: Et ass e ganz ausféierleche Rapport gewiescht fir en Text, deen op
den éischte Bléck ganz einfach kléngt, op den éischte
Bléck ganz positiv kléngt, mee beim méi genauen
Hikucken dann awer déi eng oder aner Lacune huet.
An do soll ee sech net derhannert verstoppen. Et soll
een éierlech domadder ëmgoen an déi dann och thematiséieren.
Et soll jo u sech d’Ausmooss u Geoblocking reduzéiert
ginn. An esou sollen dann déi administrativ Demarchë fir d’Fernseeschaînen, déi hire Programm am
EU-Ausland wëllen accessibel maachen, däitlech méi
einfach ginn. Sou wäit, sou gutt. Wann een dat liest,
seet een: „Applaus! Super Direktiv! Do kann een einfach nëmme blann mat Jo stëmmen.“
Allerdéngs gëllt dat dann nëmme fir Noriichteprogrammer an déi Sendungen, déi se zu 100 % selwer produzéieren. An d’Iwwerdrounge vu Sportsmanifestatiounen, dat wat déi meescht Tëleespectateuren dann awer interesséiert niewent dem Journal owes,
déi sinn ausgeschloss. A grad do si mer jo awer ganz
heefeg an der Diskussioun, wou d’Leit hautdesdaags
net méi verstinn, firwat dës Biller an hirem Land net
disponibel sinn. Ech mengen, dee Message huet jiddweree vun eis schonn eng Kéier gesinn a jiddweree
vun eis ass degoûtéiert, wann e bei iergendengem
Tëleessender op eemol gesäit, meeschtens am Livestream online: „Dës Biller sinn an Ärem Land net disponibel.“ Grad …

M. Sven Clement (Piraten) | … am Replay net. Soubal
mer online ginn, kënne se jo Geoblocking maachen. A
genau do ass, mengen ech, de Problem!
Dat heiten ass also ganz kloer eng Minimesure: Mir
schwätze vun den Noriichteprogrammer a mir schwätze vun 100 % selwer produzéiert.
Si geet eis also net wäit genuch. Dat, mengen ech,
hunn ech elo kloer gesot. Mir verstinn nämlech net, firwat e Geoblocking an esou enger interkonnektéierter
Welt, an där mer liewen, a grad an enger EU, déi sech
jo awer op de Fändel schreift, grenzelos ze sinn, nach
ëmmer eng traureg Realitéit ass. An eisen Ae misst
de Geoblocking scho laang e Relikt aus vergaangenen Zäite sinn! Et kann dach net sinn, datt an enger
Wirtschaftsunioun Wueren, Persounen a Sue sech fräi
beweegen dierfen an Donnéeën dierfen et net. Donnéeën, déi op engem fräien Netz zirkuléieren, dem
Internet, dierfen haut net vun engem EU-Land an dat
anert. Dat ass lächerlech! Dat sinn artifiziell Grenzen,
déi gezu ginn, wou de Kabel net weess, datt d’Grenz
iwwerschratt gëtt.
D’Piraten am EU-Parlament hate sech dofir och an
enger éischter Instanz géint dës Direktiv ausgeschwat,
well an den éischten Trilog-Gespréicher den Ëmfang
vun der Direktiv reduzéiert sollt ginn. Ech hunn et scho
gesot, mir schwätzen hei vun enger Minimesure. A si
haten tatsächlech an den Trilog-Gespréicher nach de
Culot, wëllen déi Direktiv nach wëllen ze reduzéieren.
Um Enn haten d’Piraten sech nämlech fir en Enn vum
Geoblocking bei alle Filmer a Serien ausgeschwat, wou
e Fernseesender mat dru geschafft huet. Net 100 %.
Mee soubal et koproduzéiert gëtt vun engem Tëleessender, muss et kënnen iwwerdroe ginn. D’Positioun
vum Parlament war awer déi, datt et nëmme sollen
d’Noriichtesendunge betreffen. Nodeems hei dann
awer verschidde Garantien a Flexibilitéiten an den Text
matagebaut goufen, an notamment, datt eebe verschidde Serien a Filmer, déi Eegeproduktioune sinn,
drënner falen, konnten d’Piraten sech schlussendlech
dann awer mam Text ufrënnen.
An esou wéi eis europäesch Schwësterparteie wäerte
mir dann och hei an der Chamber haut dëse Projet
guttheeschen, net ouni awer eebe wéi gesot drop
hinzeweisen: Dat heiten ass eng Minimesure. Si wäert
fir de lëtzebuergesche Marché relativ wéineg Impakt
hunn. Mir wäerten domadder leider net de Geoblocking stoppen. An ech mengen, datt dat eng Mesure
wier, a mir hunn et hei schonn e puermol gesot an
ech weess, datt de Minister dat och als Hausaufgab
ëmmer erëm mat op Bréissel hëlt: de Geoblocking
endlech ganz ze stoppen.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat