7818 – Projet de loi portant modification du Code de la consommation aux fins de transposition de : 1° la directive (UE) 2019/770 du Parlement européen et du Conseil du 20 mai 2019 relative à certains aspects concernant les contrats de fourniture de contenus numériques et de services numériques ;

M. Sven Clement (Piraten).

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, sou wéi schonn duergestallt, soll dëst Gesetz zwou Verbraucherschutzdirektiven ëmsetzen. Et geet drëms, fir op europäeschem Niveau eng gewëssen Harmonisatioun, wat déi sougenannt Smart Goods ubelaangt, ze erreechen. Wéi bei all Direktiv huet d’Land eng gewësse Marge de manœuvre, wat d’Ëmsetzen ugeet. Aner Länner si bei dësen Direktiven dann och definitiv e gudde Krack méi wäit gaange wéi Lëtzebuerg, grad wat de
Konsumenteschutz a wat d’Nohaltegkeet ugeet. Dëst hunn d’ULC, d’CHFEP an d’CSL kloer an hiren Avisen an an hirem Bréif un d’Madamm Rapportrice kritiséiert an eng Nobesserung gefuerdert.
D’Belsch, zum Beispill, huet d’Garantie op fënnef Joer eropgesat. Mir, mir bleiwe bei zwee Joer. A Frankräich ass festgehale ginn, datt de Konsument net nëmmen d’Recht huet, säin Artikel gefléckt ze kréien, mee datt en, wann en e flécke léisst, kéint weider sechs Méint vun enger Garantie profitéieren, also enger Garantie op dem gefléckte Produit. Och dat gouf zu Lëtzebuerg net gemaach! Do dernieft hu mer aus engem kloren Delai vun engem Mount, an deem ee säin Artikel muss gefléckt oder remplacéiert kréien, elo déi vag Formuléierung vum „délai raisonnable“ gemaach. Och dat fanne mir Piraten net gutt. Dëst Gesetz sollt u sech e Schrëtt no vir sinn, wat de Konsumenteschutz ugeet, a keen Op-der-Plaz-Trëppelen. Dëst Gesetz ass fir eis Piraten also eng verpasste Chance! Hei hätt ee kënnen de Verbraucherschutz nohalteg gestalten a stäerken. Et ass jo am Interêt vum Klimaschutz an dem Ressourcëspueren, datt d’Leit hir Apparater net reegelméisseg austauschen, mee en Apparat, virun allem ee mat enger gudder Energieklass, sou laang wéi méiglech halen.


Här President,

léif Kolleeginnen a Kolleegen, well et sech bei dësem Projet jo ëm eng EU-Direktiv handelt, déi d’Chamber muss ëmsetzen, wäerte mer
och net géint dëse Projet stëmmen. Mee e geet eis bei Wäitem net wäit genuch an dofir wäerte mir eis enthalen.


Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat