7770 – Projet de loi portant approbationde la décision (UE, Euratom) 2020/2053 duConseil du 14 décembre 2020 relative ausystème des ressources propres de l’Unioneuropéenne et abrogeant la décision2014/335/UE, Euratom

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten sti fir eng staark Europäesch Unioun. Eng Europäesch Unioun, déi d’Biergerinnen an d’Bierger an der EU representéiert an déi a Krisenzäite kann en Netz vu Solidaritéit opbauen. Duerch de Vott vun dësem Gesetz stëmmt d’Chamber der Propos vum Conseil zou, fir esou, duerch eege Mëttel, d’EU an hire Missiounen an d’EU-Staaten an dëser Covidpandemie net eleng ze loossen, mee ze ënnerstëtzen. Duerch déi nei Einname vun der EU, notamment duerch d’Steier op net recycléierbarem Plastik, kënne mer wichteg EU-Projete weider finanzéieren, och ouni Groussbritannien als Memberstaat.
D’Projete vun der EU sinn essenziell wichteg fir eis Studentinnen a Studenten, eis Betriber an eis Baueren. Iwwert de Budget fir déi nei Agrarpolitik gëtt am Moment zwar nach op EU-Niveau diskutéiert, an awer ass kloer, datt d’Agrikultur och an Zukunft e Groussdeel vun den Depensen op EU-Niveau wäert ausmaachen. An och aner Projeten, wéi den Erasmus, musse weider finanzéiert ginn. A virun allem elo, wou Groussbritannien net méi Deel vun der Europäescher Unioun ass, musse mer agéieren, fir datt wichteg Projeten, déi d’Mënschen zesummebréngen, déi am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger vun all Alter stinn, weiderhi kënne finanzéiert ginn. Europa muss a seng eegen Zukunft investéieren. An dat geet nëmmen iwwert d’Ënnerstëtzung vun innovativen a weeweisende Projeten. Zwee Projeten, déi eis Piraten, nieft dem ErasmusProgramm, besonnesch um Häerz leien, sinn den EU4Health an de Programm Digital Europe. Ech ënnerstëtzen an deem Kader de Projet European Health Union, deen der EU géif Mëttel a Kompetenze ginn, fir en europawäite Stock un essenzielle Gesondheetsgidder wéi Masken oder Beootmungsgeräter ze schafen an deen och méi Geld fir d’Fuerschung am Gesondheetssecteur fuerdert. Mir hu gesinn, wéi wichteg et ass, prett ze si fir déi nächst Kris, wéini och ëmmer dës virun der Dier kéint stoen. Wat eis net méi däerf geschéien, ass onpreparéiert ze sinn. D’Covidkris huet gewisen, datt Europa och Kompetenzen am Gesondheetsberäich brauch a sief et nëmmen, fir kënne gemeinsam Bestellunge vu Gidder am Santésberäich ze maachen. Een anere Punkt muss d’Weiderbrénge vun der Digitaliséierung an Europa sinn. D’digital Revolutioun huet déi gesellschaftlech a wirtschaftlech Struktur a ganz Europa grondleeënd verännert. An och an Zukunft wäerten nei Innovatiounen an eisen Alldag Anzuch halen. Dofir mussen eis Biergerinnen a Bierger, awer och eis Betriber beim Ausbau vun hiren digitale Kompetenzen ënnerstëtzt ginn. Gradesou wéi och d’Sécherheet am Netz muss garantéiert sinn, fuerdere mir Piraten scho laang, datt d’Staaten an der EU zesummeschaffen, fir eis Informatiouns- a Kommunikatiounsnetzer ze schützen an dës als héichtg meinsaamt Gutt vun alle Mënschen unzeerkennen. Mir sollen net déi eng géint déi aner ausspillen, mee mir brauchen hei wierklech ee kollektiven Effort, fir zesummen un engem Strang ze zéien, wa mer wëlle gerüst si fir d’Zukunft.


Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Piratepartei ass gradesou wéi eis Schwësterparteie vun de Chancë vun der europäescher Integratioun iwwerzeegt a wëllt d’Europäesch Unioun méi effizient, iwwersiichtlech an demokratesch gesinn. Europa, oder besser gesot d’EU, ass haut vill ze heefeg ouni wierklech Muecht. Vill Leit hu jo der EU-Kommissioun virgeworf, datt se d’Grenzkontrollen an der Kris net konnt verhënneren. Majo, dat läit jo ganz einfach dorunner, datt do kee Pouvoir derfir virgesinn ass! D’Traitéë ginn net hier, datt d’EUKommissioun do intervenéiere kann. A ganz heefeg ass et esou, datt d’national Haaptstied d’EU fir eppes responsabel maachen, wou mer selwer net de Courage hunn, der EU dee Pouvoir iwwerhaapt ze ginn. „Hei huet d’EU eppes falsch gemaach, do huet se eppes falsch gemaach“, an a Wierklechkeet waren et de Conseil, d’national Staats- a Regierungscheffen, déi et verbockt hunn. D’Impfstoffbestellung ass och esou e Fall, wou mer ganz gäre soe „Bréissel“. Mir gesinn elo, wann een e bësse méi an den Detail geet, op eemol, datt verschidde Länner, wou den Impfstoff dann net esou séier kënnt, datt et deelweis dorunner läit, datt se net all d’Bestellunge matgemaach hunn. Mir gesinn op eemol, datt dat Ganzt vläicht méi komplex ass, wéi just ze soe „Bréissel“. Et wär vläicht besser, dat méi nuancéiert ze gesinn. An et deet mer heiansdo wéi, wann ech héieren, „Bréissel“ hätt eppes verbockt, wou ee weess, datt et u sech e schlechten Deal, meeschtens e schlechten „Hannerzëmmerdeal“ tëschent zwee oder dräi groussen Acteuren an der EU ass. Nee, Bréissel huet et net forcement verbockt. Mir alleguerten hu verpasst, déi néideg Kompetenzen opzebauen an déi néideg Méiglechkeeten ze schafen, fir et net ze verbocken. Mir Piraten wëllen eng vollwäerteg, demokratesch, transparent politesch Unioun mat méi Pouvoir bei grenziwwerschreidende Problemer. Eng EU, déi prett ass fir d’Zukunft an déi de Biergerinnen a Bierger an Europa hëlleft, sech op hir Zukunft virzebereeden. An dat geet nun emol nëmmen, wann d’EU e gewëssene Budget huet, mat deem se hir Projeten och ka finanzéieren: Mënsche méi no ze bréngen, de Mënschen um Terrain ze hëllefen. Dofir wäerte mir Piraten dëst Gesetz an déi domat verbonne Verflichtungen op EU-Niveau och ënnerstëtzen a mat Jo stëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in