7763 – Projet de loi modifiant la loi modifiée du 16 mai 1975 portant statut de la copropriété des immeubles bâtis aux fins d’introduire un fonds de travaux

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Dat heiten ass sécherlech e Gesetz mat enger ganz
nobeler Cause, an dat een och kann zimmlech einfach no bausse verkafen, andeems ee seet, dass et fir
de Klimaschutz ass, ouni direkt ze soen, dass jo awer
esou e Fong mol muss opgebaut ginn. Dat heescht,
wa mer iwwert de Klimaschutz schwätzen, wäert et
sou ongeféier bis 2030 daueren, ier een iwwerhaapt
emol e Fong huet, dee grouss genuch ass, fir iergendeng Renovatioun ze maachen. Dat heescht, mat deem
Gesetz, dat haut gestëmmt gëtt, gëtt eigentlech guer
net esou schnell gehandelt, wéi verschidde Virriedner
dat hei schéischwätze wollten.
Mir Piraten stoussen eis an dësem Gesetz un zwee
Punkten. Deen éischte Punkt ass ganz kloer den Dateschutz. Do ass nach kee grouss drop agaange vun de
Regierungsparteien, mee d’CNPD huet awer do e
ganz kriteschen Avis ofginn. An zwar ass herno ganz
transparent an de Communautéiten, wie wat wou verbraucht. An de Syndic bezéiungsweis déi, déi bei Iech
am Haus wunnen, kommen un Informatiounen, déi
se eigentlech net dierften hunn. Dat huet d’CNPD och
e puermol an hirem Avis opgeworf. Et gouf awer net
wierklech dorobber reagéiert.
A vill méi schlëmm fir eis Piraten ass nach, dass dat doten eigentlech an der aktueller Logementskris e Gesetz
ass, wat d’Präisser wäert eropdrécken. Well Dir kënnt
dat elo schéi verkafen, dass dat herno weeder op de
Loyer nach op de Verkafspräis géif gedréckt ginn. Nee!
Et wäert awer geschéien! Also kënnt Der Iech ganz
sécher sinn, wa mer elo kucken, an et wunnt een an
engem net esou gutt Renovéierten, mécht dat herno
540 Euro d’Joer. 45 Euro de Mount. Dat ass fir verschidde Familljen, déi elo schonn zimmlech d’Waasser
ganz héich stoen hunn, an ech mengen, Dir sot jo ëmmer grouss, Dir géift elo Hëllefe ginn, déi sinn herno
20 Euro, 30 Euro de Mount, hei klaakt Der de Leit einfach mol, als Beispill, bei 90 Meterkaree 45 Euro, wann
een elo eng gréisser Famill huet, bei 120 Meterkaree
60 Euro de Mount méi dohinner, déi een einfach muss
herno a senge Chargë bezuelen an, wéi virdru gesot,
wou een da vläicht 2030 genuch Geld an deem Fong
huet fir ze renovéieren.
Dat ass jo de Knackpunkt fir eis. D’Leit ginn elo bei
d’Keess, mee se kréien awer hir Renovatioun, wou se
eppes kéinte spueren oder eppes fir d’Ëmwelt géife
maachen, eréischt vill méi spéit, wann dee Fong grouss
genuch ass, well Dir kennt jo heibannen alleguerten
d’Präisser, déi een iwwerhaapt emol muss hunn, ier
een déi Renovatioun ka maachen. Dofir hätt missen
e ganz anere Modell gewielt ginn, an zwar iwwer e
Virfinanzement. Mee do kommen ech herno bei de
Kreditter nach eng Kéier drop zréck, well dat ass jo dat
nächst Gesetz.
Deementspriechend wäerte mir dat haut och net
matstëmmen.
Ech stellen awer nach eng Fro un den Här Minister:
Wéi ass et mat deene Residenzen, déi elo schonn hir
Reserven haten? Well do gëtt et jo Residenzen, déi
elo schonn esou Fongen haten, déi sech dat konnte
leeschte fir Renovatiounen. Ginn déi integral direkt
mat eriwwergeholl? Ass dat méiglech? Kréien déi dat
dann op deem dote Gesetz guttgerechent?
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen