M. Marc Goergen (Piraten)
Här President,
d’Iwwerwaachung ass jo ee vun eise piratesche Liblingstheemen, wou mir eis als Aktiviste fir den Dateschutz verstinn. An eisem Programm 2018 hu mir Piraten eis kloer géint en Ausbau vun der Videoiwwerwaachung ausgeschwat. Mir Piraten wëllen net an enger Welt liewen, wou mir op Schratt an Tratt wäerten iwwerwaacht ginn, wou ee selwer ni géint e Gesetz verstouss huet, mee een iwwerwaacht gëtt, well de Staat oder sen Politiker denken, et géif ee vläicht kriminell ginn. Ass dat d’Vertrauen, dat dës Majoritéit an d’Bierger vum Land huet? De Bierger ze iwwerwaachen am ëffentleche Raum per Kamera, schéi gespäichert an HD. Dat ass d’Vertraue vun de Kontrollparteien, awer net vun eis Piraten. Elo fänkt ee mat e puer Kameraen un. Da kommen déi Parteie mam Kontrollzwang a soen: „Do an do brauche mir och nach Kameraen!“ Dat wäert eng Geschicht ouni Enn ginn. Vläicht ass de Schluss erreecht, wann am ëffentleche Raum keen Zentimeter méi ass, wou een net vun alle Säite gefilmt wäert ginn. An dann? D’Kriminalitéit wäert awer net verschwannen. Wat ass den nächste Step vun der Kontroll? Doheem eng d’Kamera an der Stuff, dass een do näischt Illegales ka maachen? A jo, do ass de Staat jo ewell mat Staatstrojaner, mat dem Smartphone, mat der Vorratsdatespeicherung. Do setze sech déi etabléiert Kontrollparteie jo ewell duerch. Mir Piraten wëllen net eng Big-Brother-Gesellschaft, wou de Staat de Big Brother ass an de Bierger ouni Privatsphär-Rechter um gëllene Platto mat all sengen Date presentéiert gëtt. An dës Positioun, déi eise Virstellunge vu Privatsphär an Dateschutz entsprécht, wäerte mir haut verdeedegen. Fir op den Ursprong vum Gesetz zréckzekommen, deen och am Rapport genuch beliicht gouf: Jo, et war eng Initiativ vun der CNPD, déi och op ee Lach an eise Gesetzer opmierksam gemaach huet. Hei huet d’CNPD hir Aufgab als Police vum Dateschutz gutt gemaach. Se huet déi schwaach legal Basis kritiséiert an opmierksam gemaach, dass d’Police e Gesetz brauch, fir kënnen nom GDPR d’Leit an der Ëffentlechkeet ze filmen.
Ech wëll och betounen, dass mer net alles un dësem Gesetz wëlle schlechtschwätzen. Op d’mannst gëtt et elo emol Reegelen, no deenen d’Kameraiwwerwaachung am ëffentleche Raum ze fonctionéieren huet. Dat begréisse mir Piraten. Mir begréissen net, dass de Gemengerot just en Avis ka ginn an net muss zoustëmmen. Dee Punkt hat ech och esou an der Kommissioun opgeworf. Et gëtt sécherlech och Gemengen hei am Land, déi géint Big Brother sinn.
Wat mir Piraten gutt am Gesetz fannen, ass: D’Gesiichtserkennungssoftware ass emol op den éischte Bléck per Gesetz verbueden. Dat hat ech dofir och bewosst an der Kommissioun ugeschwat an nogefrot. A mir Piraten hunn eis kloer géint eng Gesiichtserkennung ausgeschwat. Allerdéngs hu mir trotzdeem eis Zweifel. Och wann et direkt per Kamera net erlaabt ass, esou ass awer e Videomaterial do, wou een duerno, also dann net méi aus dësem Gesetz, kann eng Software driwwerlafe loossen, wou eebe Gesiichter erkannt ginn. Derbäi kënnt: Mir kennen alleguerten d’Betribssystemer. Hei misst also fir esou e Projet op Linux als System zréckgegraff gi fir d’Police, well aner Systemer kënne méi schnell, wéi Dir denkt, vun anere Staaten oder Hacker ugegraff ginn. De Staat mécht selwer mat sengem Staatstrojaner esou eng Dier op. Wann eise Staat dee keeft bei enger Firma, da maachen dat och aner Staaten oder Krimineller – wat dann esou e System wéi VisuPol och herno ugräife kann. Dat ass eeben de Problem, wann ee Staatsgelder hëlt, fir esou Tools ze entwéckelen. Et ass duerno net méi ze kontrolléieren an och d’Staate ginn ausspionéiert. Dann ass virgesinn, och wann et net direkt am Gesetz steet, mee am Exposé des motifs, dass op de Plazen, wou d’Kameraen hikomme sollen, fir d’éischt aner Mesurë mussen ergraff ginn, wéi zum Beispill eng besser Stroossebeliichtung. Hei fänkt d’Gesetz da leider un, sech vun eise Krittären ze entfernen an et wëllt een d’Verantwortung op eng Kommissioun ofginn. Gouf vusäite vun der Police wierklech alles probéiert, ier een op eng Masseniwwerwaachung setzt? An hei fäerte mer, dass éischter d’Excuse kënnt: „Jo, et gouf alles gemaach“, obwuel dat da vläicht net stëmmt. An eisen Ae wäert d’Tendenz da schnell sinn: „Ass e Problem do, da setze mer eng Kamera dohin!“ A genee dës Lächer am Text maachen et eis ganz schwiereg, fir eis mat der Kameraiwwerwaachung unzefrënnen. Wat erhoffe mer eis vun deene ville Kameraen? Dass d’Kriminalitéit dann erofgeet? Nee, dat ass Wonschdenken. An de leschte Woche goufe vill Mënschen hei an der Stad beklaut: op der Gare, um Glacis, am Stater Park. An och hei hänke Kameraen – dat zënter Joren. Op der Gare, jo, do, wou mat illegale private Sécherheetsfirmen, bezuelt aus dem Gemengebudget, versicht gëtt, d’Lag an de Grëff ze kréien, do hänke Kameraen – dat schonn zënter Joren. A wann een der CSV/DP aus der Stad nolauschtert, ass jo grad dat aktuell dee schlëmmste Quartier hei an der Stad: do, wou d’Kamerae sinn. Aleng dat weist: D’Kamerae ginn e Gefill vu falscher Sécherheet. Wéi vill Verbrieche geschéien all Dag op der Gare, an dat trotz Kameraen? A wéi vill vun de Verbriechen, déi op Gare a leschter Zäit geschitt sinn, goufen tatsächlech duerch den Asaz vu Kamerae geléist, well d’Ermëttlungsaarbecht un hir Grenze gestouss ass? D’Kamerae ginn zum Problem, wa massiv d’Recht op d’Privatsphär ausgehielegt gëtt. Mee wat geschitt, wann eng Regierung un de Pouvoir kënnt, déi d’Kamerae fir hir Zwecker ausnotze wëllt? Ee Bléck an aner Länner geet duer fir ze gesinn, wat een alles mat Kameraiwwerwaachung maache kann. Et mierkt een dann och ewell hei am Land: Eng Regierung oder e Schäfferot brauchen nëmmen en trëftege Grond an dann zielen och Rechter wéi d’Privatsphär net méi vill. Et gesäit een un den Diskussiounen, als Beispill am Stater Schäfferot, wéi schnell eng Politik ännert, wéi schnell aner Majoritéiten e vill méi haarden Toun fannen a géint d’Privatsphär an den Dateschutz ginn. Och wann et op den éischte Bléck net esou ausgesäit: D’Kameraiwwerwaachung am ëffentleche Raum ass wierklech déckt Geschier, wat de Staat eraushëlt. Och d’Mënscherechtskommissioun huet an hirem Avis eng Rei grouss Bedenke geäussert, déi sech a groussen Deeler mat eise Bedenken decken. Si ginn op d’Gefore vum Profiling an, dee virun allem zu enger weiderer Diskriminéierung vun elo scho sozial benodeelegte Gruppe bäidroe wäert.
Här President, ech kéint u sech nach ganz vill Grënn nennen, firwat mir net mat der Kameraiwwerwaachung am ëffentleche Raum averstane sinn. D’Piraten sinn eng Partei, déi d’Privatsphär vun de Leit héichhält. Am Zweifel ëmmer fir den Dateschutz! Eise Léisungsusaz fir d’Sécherheet an der Stad bleift, dass mer méi Polizisten, méi Presenz vum Staat brauchen. Geziilt Mënschen op der Plaz, amplaz gliesern Aen iwwerall. Mir dréien eis am Krees mat der Kameraiwwerwaachung. An hirer Etüd schreift d’IGP, dass ee méi
ausgebilte Leit brauch, déi den Terrain kennen, fir d’Kamerae kënnen ze bedéngen. Ma mir Piraten hätte léiwer, dës Poliziste wären um Terrain, amplaz virum Bildschierm. Do, wou de Bierger se brauch. De VisuPol ass fir eis puert Wonschdenke vun e puer Kontrollparteien a wäert och mat dësem Gesetz e Wonschconcert bleiwen an net d’Kriminalitéit stoppen. Dofir haut eise kloeren Nee zu dësem Gesetz.
Merci.