M. Marc Goergen (Piraten)
Här President.
Haut ass e wierklech wichtegen Dag fir d’Leit mat enger Beanträchtegung. Dofir freeë mir eis ganz besonnesch, dass dëse wichtege Projet haut um Ordre du jour steet, an dat wierklech aus dem ganzen Häerz. A ville Gespréicher an der Virbereedung gouf mir gesot, dass vill Leit laang op dësen Text gewaart hunn, an dofir gëtt et héich Zäit, dësen Text haut ze stëmmen. Schonns 2007, dat heescht virun iwwer zéng Joer, huet Lëtzebuerg d’UN-Behënnertegerechtekonventioun ënnerschriwwen, déi och Dispositiounen iwwert d’Accessibilitéit vu Gebaier enthält. Bis haut konnt d’Konventioun an dësem Punkt um Terrain awer nach net wierklech mat Liewe gefëllt ginn. Ëmmer nach gi Leit hei am Land vun Aktivitéiten a Plazen ausgeschloss, well bei de Constructioune vun de Gebaier net dru geduecht ginn ass, dass och Persoune mat engem Handicap sech an de Raim solle beweege kënnen. Oft si sech d’Bauhären oder d’Architekte guer net bewosst, dass an hiren Aarbechten e Problem besteet, well si beim Design just u Persounen denken, déi sech selwer kënne fortbeweegen ouni Beanträchtegung. An dat ass e Phenomeen, deen et a ville Beräicher gëtt an deen net einfach ze ignoréieren ass, well et nach ville Leit u Bewosstsi feelt. Dofir ass et esou wichteg, dass mir esou Texter wéi dee virleiende stëmmen an och weider sensibiliséieren, fir d’Aarbecht besser ze maachen. Well mir sinn eis jo bewosst, dass d’Stëmme vun dësem Gesetz net derzou féiere wäert, dass sech d’Situatioun vun haut op muer verbessert. Et gi laang Transitiounszäiten, well grouss Ëmbauten eeben net vun haut op muer kënne realiséiert ginn. D’Konzept vum „design for all“, dat heesch d’Plangen an d’Baue vun de Produkter an de Gebaier, déi esou entworf sinn, dass jiddereen, egal ob al oder jonk, mat oder ouni Beanträchtegung, se ouni zousätzlech Hëllef benotze kann, muss mat Nodrock an alle Wirtschaftsberäicher gemaach ginn, an dat esou séier wéi méiglech. Besonnesch op der Aarbechtsplaz ginn et nach vill Efforten ze
maachen. Do geet och dat virleiend Gesetz leider nach net wäit genuch. Et ass wichteg, dass ëffentlech Servicer fir jiddereen zougänglech sinn, esou wéi dëst Gesetz et virschreift, mee et däerf een awer och net vergiessen, dass net nëmmen déi ëffentlech Raim mussen zougänglech sinn, mee natierlech och d’Büroen hannendrun. Persoune mat engem Handicap wëlle schliisslech net nëmme just vun den ëffentleche Service profitéiere kënnen, mee och genee wéi all anere Bierger d’Méiglechkeet hunn, sech fir eng Aarbechtsplaz am ëffentleche Gebai ze entscheeden. Wéi mir wëssen, gëtt et a villen Administratiounen a Betriber Quote fir Posten, déi vu Persoune mat engem Handicap solle besat ginn, déi awer nach ëmmer net erfëllt sinn. Oft gëtt sech einfach net un déi Quote gehalen, well heiansdo sinn d’Raimlechkeeten och tatsächlech nach net ugepasst. Dass vill Aarbechtsplazen ëmmer nach de Bedierfnisser vu Persoune mat Handicap net gerecht ginn, erschwéiert hinnen d’Sich no enger Aarbechtsplaz. An et ass och net verwonnerlech, dass ëmmer nach e
Groussdeel vun de Persoune mat engem Handicap net um éischten Aarbechtsmaart eng Plaz fënnt. Hei gëtt et also nach vill ze maachen.
Här President,
e Punkt, deen eis besonnesch bei dësem Text gefreet huet, ass, dass hei emol eng Kéier wierklech méi enk mat de Betraffenen um Terrain zesummegeschafft ginn ass. Grad wann et ëm d’Theema vun enger Behënnerung geet, gëtt oft vill, awer net mat de Leit um Terrain geschwat.
Une voix.- Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten)
Wa mir an enger inklusiver Gesellschaft liewe wëllen, da musse mir
hei am Dialog bleiwen. Dofir begréisse mir och d’Iddi vum Conseil consultatif de l’accessibilité, dee mat dësem Gesetz geschaaft soll ginn, an och, dass Persoune mat engem Handicap sollen d’Méiglechkeet kréie fir matzeschwätzen.
Une voix.- Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten)
Hei hoffe mir, dass d’Regierung an deem entspriechende Règlement
grand-ducal wäert der Propos vum Conseil supérieur des personnes handicapées nokommen an eng Méiglechkeet fannen, d’Bedeelegung u Sëtzungen och beruffstätege Persounen ze erméiglechen. D’Recht op eng Aarbecht an d’Recht, gehéiert ze
ginn, dierfe sech hei net am Wee stoen.
Här President,
mir Piraten sinn iwwerzeegt, well mir Optimiste sinn, dass dëst Gesetz derzou wäert bäidroen, dass Mënsche mat enger Beanträchtegung sech an Zukunft fräi an eiser Gesellschaft
wäerte beweege kënnen. A wou mer beim Beweege sinn, dat ass virdru jo schonn ugeklongen: Verschidden eenzel Politiker haten, ech nennen et emol d’Chance, fir mat enger Beanträchtegung eng Kéier konnten eng Simulatioun ze maachen. An ech hu gesinn, d’Madamm
Ministesch war do och mat derbäi, an ech perséinlech hat dat och eng Kéier gemaach mat engem Rollstull. An ech muss Iech soen, dat ass eng Erfarung, well ech hat virdru vill Problemer net esou erfaasst wéi dee Moment, wou ech selwer eng Kéier an der Situatioun war. An et ass och nach e Familljemember bei eis, deen elo am Rollstull ass, do kritt ee vill méi mat, wéi engem virdrun als Politiker eigentlech opgefall ass. An et ass eeben esou, dass mer musse kucken als Politiker – an ech leeë jidderengem un d’Häerz, deen nach net mat hinnen um Tour war, ech mengen, et war den OGB-L -, dat eng Kéier ze testen. Gitt eng Kéier mat! Well Dir léiert bäi. Also, et kann een nëmme bäiléieren. An Dir gitt opmierksam gemaach.
An dat ass virun allem och wichteg fir d’Gemengepolitiker. Well ech muss soen, bei eis am Gemengerot war déi leschte Kéier en Architekt. De Mann huet och seng Aarbecht ganz gutt gemaach, mee
mir sollten en neie Concertsraum kréien an do war awer näischt virgesi fir Rollstill. Do hu mir am Gemengerot dann du gesot, dass esou eppes muss virgesi sinn. Dat ass eeben dee Problem, deen ech
virdrun erwäänt hunn. Et ka jo net sinn, dass mer Architekten hunn, déi nach net drop sensibiliséiert sinn, dass mer Leit mat enger Beanträchtegung awer déi Méiglechkeet ginn, fir un engem kulturellen oder u soss aneren Eventer deelzehuelen. An herno steet e fonkelneit Gebai do vun esou ville Milliounen an da gouf dat leider vergiess. Do musse mer nach ganz vill Sensibilitéitsaarbecht leeschten, virun allem och mat den Architekteverbänn, well et ass net deen éischte Projet, wou mer zu Ouere komm ass, dass net un all Beanträchtegung geduecht ginn ass, an dat geet vum Visuelle bis zum Héiere bis zu iwwerall. Just als kleng Anekdot: Ech war jo mam OGB-L ënnerwee an do hat ech e Rollstull. Et war awer deen Dag Chance. Ech muss soen, a virdrun ass hei dat ugeschwat gi vum Personal, ech muss d’CFLPersonal luewen! Also, vu Péiteng an d’Stad, dat huet 1A geklappt, dat war wierklech gutt. Mee hätt ech mech zum Beispill deen Dag entscheet, fir déi blann Simulatioun ze maachen, hätt ech net gewosst, wéi eng Statioun, well mir hate leider en Zuch erwëscht, wou d’Uso kapott war. Esou Klengegkeeten heiansdo. Oder et si Leit mat enger Beanträchtegung, déi hu mer elo gezielt, dass se vun un, dass Corona ass, an der Pandemie, mam Busfueren e Problem hunn, well se net méi bei de Chauffeur kommen. Fréier bei der Haltestell huet de Chauffeur d’Dier opgemaach an dann hu se einfach gefrot: „Wou fuert Dir hin?“ Elo stinn déi Leit bei der Bushaltestell, et kënnt e Bus, mee wann een näischt gesäit, huet ee keng Méiglechkeet ze wëssen, wou dee Bus hifiert. Dat ass och sou eppes: Mir hunn zwar d’Busser ofgeséchert an der Pandemie, mee d’Leit wëssen herno net méi, wéi ee Bus se wierklech mussen huelen. Dat sinn eeben déi kleng Detailer, wou mir als Politiker et heiansdo mat enger Moossnam wéi bei Corona wierklech gutt menge fir d’Allgemengheet, mee awer dann heiansdo d’Leit mat enger Beanträchtegung mat esou Moossname leider vergiessen. Dofir musse mir vill méi sensibel ginn an natierlech och alleguerten déi Leit, déi d’Politiker beroden.
Merci.