Cryptocoins erhéijen sech an Zuel an a Wäert. El Salvador gouf viru kuerzem dat éischt Land op der Welt wat Bitcoins als offiziel Wärung vum Land unerkannt huet. Et erwaard een sech dofir, dass ëmmer méi Leit u Crypto wäerten hunn – och zu Lëtzebuerg.
Am Moment erkennt d’Lëtzebuerger Regierung keng “Coins” als Währung un:
«Les monnaies virtuelles ne constituent pas une devise. Contrairement à une devise, les monnaies virtuelles n’ont pas de cours légal et ne représentent pas de moyens d’échange dont la valeur est garantie par une banque centrale.»
Crypto Handel ass – ënner bestëmmte Konditiounen – bestéiert. 2018 huet d’Steierverwaltung eng Circulaire dozou erausginn. An deem Kontext hunn d’Piraten gefrot wéi Privatleit a Firmen Gewënner vum Handel mat “Coins” deklaréieren.
D’Äntwert war, datt Persounen, déi e Benefice fir den Austausch vun numeresche Suen kréien, ënnert der Rubrik « revenus nets divers » dat an hirer Steiererklärung beim Steierbüro deklaréiere mussen.
Als éischt gëllen d’Grondregelen:
«Tout bénéfice ou perte réalisé dans le cadre d’un tel échange constitue un bénéfice ou une perte de spéculation au sens de l’article 99bis L.I.R. lorsque l’intervalle entre l’acquisition de la monnaie virtuelle et la réalisation ne dépasse pas une période de six mois. Il y a lieu de rappeler que les bénéfices de spéculation ne sont pas imposables lorsque le bénéfice total réalisé pendant l’année civile est inférieur à 500 euros.»
De Montant gëtt also op de d’Zomm vum Bénéfice gerechent, déi am Artikel 99bis vum LIR-Gesetz opgezielt sinn, a wann de Betrag manner wéi 500 EUR ass, ass et steierfräi.
Firmen, déi hir Suen a Crypto investéiere wëllen, mussen dat och uginn. Hei gëtt de Gewënn, deen duerch de Verkaf vu Krypto-Währungen generéiert gëtt, als « bénéfice commercial » ugesinn. Geméiss dem Artikel 14 vum Steiergesetz (LIR) gëlt dat am Fall wou:« activité indépendante à but de lucre exercée de manière permanente et constituant une participation à la vie économique générale, lorsque ladite activité ne forme ni une exploitation agricole ou forestière ni l’exercice d’une profession libérale ».
Piraten ënnerstëtzen d’Notzung vu Kryptowärungen well et ass eng Geleeënheet fir Leit ronderëm d’Welt hir Sue genee an déi Projeten an Verméigen ze investéieren an déi se investéiere wëllen. Mir stellen eis also géint als zoustäzlech Besteierung op Crypto.
Dës Informatioune koumen aus der Circulaire 14/5-99/3 -99bis3 an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 4821.
Bei Steierfroen gëllen d’Wuert/Decisioune vun der zoustänneger Verwaltung.