20241007 Parteileedung Oktober 2024

De 7ten Oktober 2024 zu Koplëscht am HQ 

Vun der Parteileedung ware präsent: 

Clement Sven, Flor Starsky, Goergen Marc, Liesch Camille, Remakel Raymond (Präsidium) Bernard Chris, Da Silva Oliveira Bruno, Godefroid Mathis, Lomel Ben, Monteiro Teresa, Welter Christian, Wampach Jo, Couto Paula, Heuschling Jean, Legrand Claude

Visiteuren ouni Stëmmrecht: 

Jil Michels, Tommy Klein 

Start : 19h00 

Enn :  21:00 

Aktuelles 

Moderatioun vun der Parteileedung duerch de Mathis : Vott 

    Wëllkomm vum Koordinator Marc Goergen.  

    Vote, dass de Mathis d’Moderatioun vun der Parteileedung däerf iwwerhuelen.  

    Vote : Unanime ugeholl. 

    Notze vu Parteiressourcen fir politesch Aarbecht (Chamber, Gemeng, …) (Sven) 

      Erklärung vum Sven, wéi mer an Zukunft mat den nationale Parteimedien verfueren. Social Media, Site, Personal,… Satzung gesäit fir, dass d’Mataarbechter dem Präsidium ënnerstinn. Well eng Klärung an enger oppener Diskussioun. 

      Info punkto Stattuttereform (Tommy) 

        Den Tommy begrënnt wisou d’Approche fir d’Workshops sou war wéi se war. Ziel ass, fir dass all d’Membere kennen Input ginn, net d’PL. Well déi Persounen hate schonn eng Chance fir hire Feedback ze ginn, och wann d’Membere vun der PL ageluede sinn. Mam gesamte Feedback gëtt duerno e fäerdegt  Dokument erstallt wou um Kongress wäert ofgestëmmt ginn. Huet mam Gilles en Aarbechtsdokument mat villen internen Note, wou se net deelen, well soss ze vill Afloss vun hirer Säit kennt. Sou kann een d’Membere besser Motivéieren hier eegen Idéen matzedeelen, ouni dass se d’Impressioun kréien dass se alles scho virgeschriwwe kréien. Sie wëllen dat och net erausschécken fir dass hiren Draft net an d’Presse kennt. Soudass all Punkt kann ongefiltert diskutéiert ginn.    

        Uschléissend hunn déi verschidde Membere vun der PL nach hier Froen un den Tommy gestallt.   

        MALT an Äntwert vum zereck bezuelen un den ONA (Marc) 

          Diskussioun doriwwer, wat an eise Bréif un den ONA soll kommen, mat der Conclusioun, dass mir eis kooperatiounsbereedschaft ënnersträichen.   

          Zesummenhang posts

          Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
          Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
          Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun