20240702 Rapport Südcomité

19h30 am Café Free Time zu Bieles

Präsent waren

Chris Bernard, Tammy Broers, Paula Couto, Bruno Da Silva, Marc Goergen, Camille Liesch, Ben Lomel, Gilles Mertz, Teresa Monteiro, John Kelsen

Nächste Südcomité, Donneschdes, den 19ten September 2024 um 19h00 zu Déifferdeng.

Events

  • Summerfest zu Käl 7te Juli : alles ass prett. DJ, Zelt, Paella, Sangria, Zapwon, Toiletten, Dëscher, Bänken, 4 Fräiwëlleger. De Ben Lomel huet alles organiséiert. Merci dofir. 
  • Esch Pride 13te+14te Juli : Stand fir zwee Deeg + Marche de Samschden. Material bréngt de Christian, och d’Piaggio. Jiddereen ass wëllkomm fir um Stand dobäi ze sinn.  
  • Stammdëscher : all Sektioun soll déi organiséieren, fir am Kontakt ze bleiwen. 
  • Info : Piratentreff Sektioun Stad 18/07/2024
  • Braderien mat Piraten-Stänn : Diddeleng 20te Juli a Péiteng 27te Juli
  • Events Next Events am Juli, August, September

Lokalpolitik

Suivi lescht Froen, Resolutiounen (Rapport 21te Mee)

  • SIGI : Käschten Gemengen Punkt vum Chris Bernard. De Chris Bernard krut eng Äntwert op seng schrëftlech Fro: mir wäerten dës Fro an alle Gemengen ze stellen. Eis politesch Positioun ass, dass den Inneministère de Gemengen dat zur Verfügung stellen, fir dass d’Gemengen net dofir muss bezuelen. 
  • Schwemmen : Vergleich Präistabellen landeswäit
    Fro vum Chris beim Inneministère, dass et méiglech ass, fir Residenten ee Sondertariff ze ginn an de Schwemmen. Esch informéeirt, dass zu Esch ee Kutlurpass existéiert, amt deem een 3 Stonnen an d’Schwemm kann.
  • Munhowen Fro (Gedrénksstänn aner Gemengen: D’Fro, déi op de Gedrénkshandel bezunn ass, läit prett. Fro ob en Exklusivkontrakt dran ass fir d’Gedrénks an de Gemengegebaier. Et gouf kloer gemach, dass mir d’Monopolstellung vu grousse Firmen, wéi Munhowen, net ënnerstëtze wëllen.
    à Suivi: wéi gesäit et hei an de Gemengen ausgesäit. 
  • Resolutioun Partizipative Budget (Point vum Gilles: Resolutioun fir partizipative Budget läit prett. Kann all Conseiller a sengem Gemengerot op den Ordre du Jour bréngen.)

Plan local de sécurité (PLS)

Chris Bernard : Froen : 1) ob een existéiert (z.B. Suessem NEE). PLS definéiert wou d’Police an enger Gemeng Schwéierpunkten setzt bei der Sécherheet. 2) wéi oft ass de Comité de Prévention an de leschte Joren zesummekomm ? 3) wv Street workers  aktiv? 4) war de Plang garantéiert an deene leschte 6 Méint (vu dass Polizisten ofgezunn goufen?)

Vignetten

Positioun, dass op mannst déi éischt Vignette an engem Stot sollt gratis sinn. Et ass kee Luxus, wann een een Auto huet fir schaffen ze goen. 

Vereedegung vum Marie-Marthe als nei Conseillère an der Stad – Informatioun

Partei

Jetons

Rappel , dass Kommissiounsmemberen a Conseilleren 20% mussen ofginn (Parteileedung-Beschloss). Suivi, wien bis elo bezuelt huet. 

MALT – Explikatiounen (huis clos)

Diskussiounen iwwert d’Presseartikelen iwwert de Projet an d’Meenung vun de Memberen zum Dossier.

Formatiounen Conseilleren 

Formatioun fir Gemengeconseilleren an méiglech Noréckeler organiséieren.

Wéini ? à Rentrée (September)

Satzungsännerung Piraten

Workshop am Süden soll organiséiert ginn an all Bezierk, och am Süden. Datumer kommen nach no. 

Europawahlen 2024 – Debriefing

Punkten fir op den nächsten OJ

Thema Chatkontroll oder eng Alternative fir géint Verbriechen ze kämpfen 

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun