Présent:
Chris, Tammy, Paula, Marc, Nathalie, Sylvie, Camille, Mireille, Ben, Gilles Mertz, Teresa, Patrick, Vincenzo, Christian, Patrick, Nathalie, Bruno, Tina
Ufank 19h00, Schluss 22h00.
Käerjeng: Neit Policegebai Lënger/Péiteng
Presentatioun vun der Äntwert op eng Piraten-QP: https://piraten.lu/police_peka/
De Marc schléit vir,dass d’Conseilleren am Kordall de Punkt mat an hir Gemengen huelen.
Fro, wien d’Käschte vum Projet wäert droen. Staat? Gemengen?
Esch-Alzette: Neie Komitee: Feedback & Mandats
Patrick presentéiert seng Pläng fir nei Memberen ze sichen an een Opruff ze starten. Diskussioun driwer, wéi mer Leit uwerben. Diskussiounen iwwert d’Banneliewen vun der Sektioun souwéi der Aarbecht am Gemengerot.
Kulturdatumen 2024
De Chris mécht eng Propose, fir wichteg Evenementer, wou mer zesummen als Equipe goe kënnen. Mir hunn den Team-up-Kalenner, dee mer weiderhi kënne notzen a wou mer déi gemeinsam Datumer kennen androen. All Pirat soll am Süden d´Datumer an eng Agenda androen z.B. Kalenner op eiser Website. Aktuell notzt an test de Südbezierk d’Plattform LuxChat fir déi intern Kommunikatioun. All Member soll de Marc kontaktéieren, fir an déi respektiv Gruppen agelueden ze ginn.
Piraten Südkongress (Bascharage): Organisation
De Bruno an de Vincenzo erklären, wéi wäit se mat der Organisatioun sinn vum Kongress.
Fir d’Iessen (Paella) musse mer och Bescheed wëssen, wien alles kënnt. All Member kann direkt bezuelen: https://book.stripe.com/8wM00d0w9a7O1vq3cB
oder ee Virement maacht “Flatrate Südkongress 2024” Erwuessener bezuelen 30€, Kanner 20€. Iessen a Gedrénks sinn dran.
Wien just Gedrénks wëll, dee ka sur Place 10€ Participatioun bezuelen.
Gadgets
D’Südleedung huet iwert eventuell Gadgetsproposen fir d’Parteileedung diskutéiert. Et ass awer kee Budget momentan zur Verfügung fir nei Gadgets.
Jetons
Appell vum Gilles sou vill Jetons wéi méiglech ofzeginn, grad nom Waljoer. Formulaire Kommissiounen Gemengen: Wien sëtzt wou a wéi enger Kommissioun?
Europawalen
De Marc huet d‘Europawalkandidaten, déi en an der Parteileedung präsentéiert krut, der Südleedung firgestallt.
Wahlanalyse: Résumé, Konklusiounen & Suivi
Konklusioun/Diskussioun vun der Walanalyse.
Wen kontaktéieren wann mir Froëe hunn
Christian, Gilles oder Tommy sinn ÄR Uspriechpartner, wann eppes an Ärer Sektioun gebraucht gëtt. Einfach ee Mail op ahoi@piraten.lu oder Telefon 203337.