20240109 Parteileedung 8te Januar 2024

Parteileedung 8ten Januar 2024

Präsent vum Präsidium waren: Sven, Daniel, Marc, Rebecca, Camille, Gilles, Raymond.

Début 19h00, Schluss 22h00

Kommunikatioun Koordinator

De Marc presentéiert de provisoresche Kalenner fir d’Parteileedungssetzungen fir dat lafend Joer. All d’Memberen kréien d’Invitatiounen nach per Mail an d’Sitzungen sinn och um Kalenner op der Website verëffentlecht.

De Parteikoordinator huet der Parteileedung en Dokument wien stemmberechtegt ass firgeluecht an erklärt, fir dassen keng Messverständnisser opkommen. 

Europawalen 2024

D’Parteispriecherin Rebecca Lau huet d’Resultat vum Kandidatenopruff presenteiert. Am ganzen koumen 12 Kandidaturen eran an nach vill Äntwerten vun Memberen, dass se net kandidéieren wellen, mais bereed wieren am Walkampf ze hellefen. No engem Débat iwert déi eenzel Kandidaten, huet d’Partei 6 Kandidaten virgeschloe, déi se um Kongress den 27ten Januar 2024 presentéire wäert. 

D’Parteileedung huet aus de Kandidaturen eng virleefeg Präferenz fir déi folgend Equipp ausgedréckt :

Agostini Lucie 
Do Carmo Nadine 
Flor Starsky 
Lau Rebecca 
Remakel Raymond 
Turcarelli Vincenzo

De Marc Goergen wäert fir déi Equipe Walmanager ginn.

Walofkommes (Huis Clos)

Den 20ten Dezember gouf et eng Reunioun tëschent de Vertrieder vun de Parteien fir d’Aushandelen vun engem Walofkommes, wou den Tommy, Gilles a Ben präsent waren.

Rapport doriwwer, wéi d’Gespréicher/Verhandlungen mat den aanere Parteien gelaaf sinn an d’Punkten ennerstrach, bei deenen nach Klärungsbedarf ass fir déi nächst  Verhandlungssëtzungen. D’Partei huet hinnen Konditioune fir mat op de Wee ginn, déi mussen erfellt sinn fir d’Walkampfofkommes mat ze ennerschreiwen.

Landeskongress 27/01/2024 

Den Gemengeconseiller vun Hesper Mathis Godefroid huet der Partei den aktuelle Stand punkto Organisatioun vum Kongress matgedeelt. 

Et goufen och Satzungsännerungsproposen vum Tommy Klein a vum Gilles Mertz présentéiert. No villen Diskussiounen iwert déi eenzel proposen, huet d’Parteileedung e Konsens fonnt, wéi eng Punkten wéi geännert ginn.

D’Propose vum Rebecca Lau, d’Flatrate Präiser op eisen Events unzepassen, gouf och ugeholl. 

HQ Kopstal

Den Trésorier huet der Parteileedung de leschte Stand vum Haaptquartéier zu Koplescht matgedeelt. D’Parteileedung hält ënnert den aktuellen Konditiounen weiderhin um site zu Kopstal als Büro fest.

Finanzen

Den Trésorier huet der Parteileedung d’Virarbechten vum Bilan a Pertes&Profits fir2023 presentéiert, deen um Kongress den 27/01/2024 soll gestemmt ginn.

En mecht och de Rappell, dass d’Mandatairen vun der Partei hier Jetons de Présence sou vill et geet solle spenden, well zwee Walkämpf ee grousst Lach an der Keess gelooss hunn. Insgesamt ass d’finanziell Situatioun awer stabill an alles verleeft no Plang.

Besetzung vum Posten vun de Repräsentante vun der Piraten bei der JIF 

Et sin 2 Kandidaturen fir d’Piraten bei der JIF ze représentéieren era komm, d’Parteileedung huet sech nach festgeluecht wien se an dee Gremium era schecken.

Weider Punkten waren nach um Ordre du Jour, konnten awer wéinst Zeitmangel net méi beschwat ginn a ginn op déi nächst Sitzung verluecht :

Website Iddien (Starsky)

Memberen Informatioun (Gilles)

Demande Sektioun Stad

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun