100.000€-Garantie fir Bank-Clienten viru Bedruch ze schützen

Context:

Aktualitéitsstonn iwwert Bedruch vu Bank-Clienten 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Cyberkriminalitéit ass an de leschte Joren immens an d’Luucht gaangen, grad bei Phishing-Aktivitéiten (Äntwert op d’parlamentaresch Froen n°315 n°1343);
  • Et ass net nëmmen d’Verantwortung vun de Clienten, fir net Affer vu Phishing-Attacken ze ginn, mee och vun de Banken, fir d’Clientë virun Attacken ze schützen an hir Systemer a Plattformen esou opzestellen, dass dës net fir Verwirrung suergen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. ee Garantie-Fong fir d’Affer vu Bankbedruch opzestellen (staatlech, privat oder béid), fir dass d’Banken-Clienten duerch eng Versécherung an definéierte Situatioune vu Bedruch besser geschützt si bis zu engem Montant vun 100.000€.

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun