Wien hautzedaags an engem Spidol zu Lëtzebuerg hospitaliséiert gëtt, huet nach ëmmer de Choix, ob en an een Eenzelzëmmer an der éischter Klass wëll geluecht ginn – géint een Oppräis, versteet sech – oder sech een Zëmmer mat enger anerer Persoun deele wëll.
D’Hôpital Robert Schuman freet zum Beispill fir d’Opwäertung an déi éischt Klass 124,54€ méi den Dag. D’Benotze vum Fernsee kascht 7,70€ den Dag, de Wifi ass gratis. Wärend sech doriwwer diskutéiere léisst, ob et berechtegt ass, datt an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg, een Eenzelzëmmer net fir jiddereen accessibel ass, ass et beim Oppräis fir Televisioun esou, datt virun allem eeler Mënschen benodeelegt ginn, well tech-afin Generatiounen jo souwisou meeschtens Streaming-Déngschter benotzen, déi iwwer Wifi kënne consultéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat genee plangt d’Ministesch, fir d’Kapazitéiten an d’Qualitéit (virun allem fir de Patient) am Gesondheetssecteur ze verbesseren?
-
Firwat musse Leit fir d’Benotze vun engem Fernsee wärend enger Hospitalisatioun 7,70€ bezuelen? Ass esou ee Präis gerechtfäerdegt fir d’Käschten vum Service ze decken? Ass d’Ministesch der Meenung, datt d’Patienten an Zukunft weiderhin dëse Präis fir Televisioun bezuele sollen oder wäert sech do eppes änneren?
-
Ass d’Regierung der Meenung, dat d’Zwee-Klassen-Politik an de Spideeler soll bäibehale ginn? Falls jo, firwat ass d’Regierung fir eng Ënnerscheedung a Klassen a firwat ginn d’Käschte vun der éischter Klass net vun der Krankekeess iwwerholl amplaz vum Patient?
-
Wéi steet d’Ministesch géigeniwwer der Ausso vun der AMDD am Radio 100,7 vun haut, datt mer zu Lëtzebuerg nieft de groussen zentraliséierte Gesondheetsstrukturen (Spideeler) och kleng ambulant Cabinete brauchen?
-
Existéiert an den Ae vun der Ministesch nach ëmmer ee Mangel un Dokteren zu Lëtzebuerg? Falls jo, wéi eng Spezialiste feelen aktuell? Wëssend, datt d’Ausbildung vu Medezinner vill Joren an Usproch hëlt, wéi vill Jore wäerte mer nach mat dësem Mangel liewe mussen?
-
Ginn et scho konkret Usätz, fir de Gesondheetssecteur an der ganzer Groussregioun an den nächste Jore méi zesummenzeféieren? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 2804