Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Zwangslizenzen fir de Covid-Vaccin

Communiqué

Säit der Grënnung vun eiser Partei fuerdere mir Piraten, dass de Patentsystem reforméiert gëtt. Firwat dat esou wichteg wier, gesäit ee spéitstens elo.  De Covid-Vaccin muss der ganzer Welt zur Verfügung stoen !  Réierunge weltwäit hunn de Pharmakonzerner gehollef, hier Impfstoff-Entwécklung ze finanzéieren. Dofir sollten d’Resultater vun hire Fuerschungen net hinnen eleng gehéieren. D’Biergerinnen an d’Bierger hunn e Recht drop, dass alles gemaach gëtt, fir dass esou vill ewéi méiglech Vaccin produzéiert gëtt. An dat schéngt nëmmen duerch Zwangslizenze méiglech ze sinn.

Den Impfstoff Produzent AstraZeneca hat nach d’lescht Joer am Dezember versprach, d’EU-Länner kriten 80 Milliounen Impfstoff-Dose bis Abrëll 2021. Gëschter huet et geheescht, si kéinte 40 Millioune liwweren. An den Ae vun der EU-Kommissioun eng Victoire, hat de Produzent d’lescht Woch nach vun 9 Milliounen Dose manner geschwat.

 

Fir eis Piraten ass dat awer ee weidere Beweis dofir, dass eng Hand voll Pharmakonzerner net dierf eleng entscheeden, wéi vill Vaccin produzéiert gëtt. Wann all d’Pharmakonzerner op der Welt dierften de Vaccin vu BioNTech, Moderna oder AstraZeneca produzéieren, wier et méiglech méi séier, méi Impfstoff ze produzéieren.

“D’Impfdebatt weist, firwat Wëssen an d’medezinesch Versuergung iwwert den Interête vun Eenzele stoe mussen, an der ganzer Gesellschaft sollen zougänglech sinn. Wann AstraZeneca hire Kontrakt net anhält an d’Liwwerungen ze geréng sinn, da sollte mir ufänken aneren Demandeure Lizenze fir d’Patenter vu Covid-19-Vaccinen auszestellen, fir esou d’Produktioun ze erhéijen.” ( Sven Clement, Deputéierten)

 

Jo, verschidde Firme schaffe mat aneren zesummen, fir hier Produktioun ze beschleunegen. BioNTech-Pfizer huet mëttlerweil 13 Partner, déi hinnen hëllefen. Mee et kéinten der nach méi sinn. Global Players ewéi Bayer sollten net nach un engem eegenen Impfstoff schaffen, mee een Impfstoff produzéieren, dee scho getest an zougelooss ass!

Dofir mussen d’Patenter op de Corona-Impfstoffer ausgesat ginn. Zwangslizenze musse vergi ginn. An d’Entwéckler sollten als Ausgläich um Gewënn vun deene Firme bedeelegt ginn, déi hier Formel benotzen.

 

„Wir können nicht auf der einen Seite die Grundrechte der Bürgerinnen und Bürger stark einschränken und auf der anderen Seite solch falsche Rücksicht auf das Gewinnmaximierungsinteresse der Pharma-Konzerne nehmen. Zumal diese für die Erforschung und auch die Produktion bereits Milliarden staatliche Subventionen erhalten haben.“ ( Bodo Noeske, Spëtzekandidat fir d’Piratepartei a Rheinland-Pfalz)

Nëmmen zesumme kënne mer dëse Virus lass ginn. An dofir dierf d’Gesondheet vun eis all net an den Hänn vun e puer Konzerner léien.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll