Zwangsaffiliatioun beim CDEC

A menge Froen n°3106 an 1641 hat ech de Mëttelstandsminister no Informatioune zu de Beruffskummeren an de Centres de compétences an hire Formatiounen gefrot. Zu dësen gehéiert och de CDEC, de Conseil pour le Développement Economique de la Construction. All Firma am Bausecteur muss dem CDEC all Joer eng Cotisatioun an Héischt vun 0,65% vu senger Masse salariale bezuelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Den CDEC proposéiert Formatiounen, déi awer deelweis wéinst ze niddregen Teilnehmerzuelen net kënnen organiséiert ginn.  Wéi vill Formatiounen huet de CDEC an deene leschte Joren organiséiert? Wéi vill vun dëse Formatiounen hunn sech op d’Nohaltëgkeet am Bausecteur fokusséiert?

  2. Wéi vill Formatioune vun de Beruffskummere konnte wéinst engem Feehle vu genuch Intresséierten net organiséiert ginn?  Wéi vill Firmen hunn an deene leschten 2 Joer Aarbechter fir Formatiounen ugemellt, déi net konnte statt fannen?

  3. Duerch d’groussherzoglecht Reglement vun 2007 ass d’Memberschaft beim CDEC fir all Firma am Bausecteur obligatoresch. De Staat imposéiert also d’Memberschaft bei dëser Asbl. Ënnerstëtzt de Staat dës Asbl finanziell? Wann jo, wéi vill Hëllefen sinn zënter der Grënnung, opgelëscht no Joer, un den CDEC bezuelt ginn? Wat fuerdert de Staat dofir als Géigeleeschtung? Existéiert heizou eng Konventioun oder ee Kontrakt?

  4. De RBE zielt 9 Bénéficiaires effectifs beim CDEC. Quasi all dës Beneficiairë sinn net nëmmen am Verwaltungsrot vum CDEC, mee sinn niewebäi och Direktiounsmember oder Patron vu groussen a bekannte Baufirmen hei am Land. Wéi kann de Staat garantéieren, dass eng Asbl, déi vun de grousse Baufirmen am Land geréiert gëtt, och d’Intresse vu Micro-entreprisen (1-9 Aarbechter) vertrëtt? Wat fir eng Kontroll huet de Staat iwwert dës Asbl, bei där eng Affiliatioun, wéi scho gesot, duerch de Staat imposéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3719

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert