Zuchfrequenzen am Norden vum Land

D’Regierungspartei vum Här Mobilitéitsminister huet a Social Media Posten ugekënnegt, dass d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November géife mat erhéichter Frequenz fueren. Mengen Informatiounen no, sinn awer haut op mannst op verschiddene Linnen, net vu méi Busse gefuer. De Bus n°170 ass haut, laut Mobilitéitsapp, innerhalb vun de Spëtzestonnen all 30 Minutte gefuer an ausserhalb vun dësen nëmmen eemol d’Stonn. Ugekënnegt waren awer all 15 Minutten ee Bus an de Spëtzestonnen, an all 30 Minutten ausserhalb vun dësen.

  1. Sinn d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November an enger verstäerkter Frequenz gefuer?
    • Wa jo, wéi eng Linnen? 
    • Wa nee, firwat net?
  2. Ab wéini sollen déi an dem Social Media Post ugekënnegt Ännerunge kommen (opgelëscht no Linn)?
    (Linn 179 (+170) Cliärref-Ettelbréck: Tëscht Maarnech an Ettelbréck gëtt den 30-Minutten Takt an de Spètzestonnen op e 15-Minutten Takt erhéicht.Linn 174 Elwen-Hengescht-Ettelbréck: Zousätzlech Busser méi fréi a méi spéit, an de Spètzestonnen elo och bis op Ettelbréck.Linn 146 Wooltz-Géisdref-Kautebaach: Elo besser op d’Zich zu Kautebaach ofgestëmmt a méi Bus-Kapazitéit.Linn 153 Housen-Holztem-Kautebaach: D’Horaire ginn un den Zuch gepasst.Schülertransport: Besser Verbindungen an eng nei Buslinn aus dem Raum Wooltz an d’Akerbauschoul. Quell: Facebook DG Norden)

QP 7251

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene