Zu Lëtzebuerg zougeloossen Schnelltester

D’Schnelltester, déi zu Lëtzebuerg zougelooss sinn, si vum LNS iwwerpréift ginn. An Däitschland ginn se vum Bundesinstitut für Arzneimittel und Medezinprodukte (DfArM) iwwerpréift. Wann een sech d’Lëschte vun deenen zwee Instituter ukuckt, da gesäit een Ënnerscheeder, z. B. gëtt et ee Schnelltest vun enger Pekinger Firma, deen zu Lëtzebuerg zougelooss ass, an Däitschland awer net. Dësen “Nasenbohrer”-Schnelltest ass an Däitschland just fir medezinescht Personal zougelooss, well e laut DfArM net als “Laientest” gëeegent wär.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Beréit d’Santé sech mat hiren Däitschen Homologen, wat d’Analysen an d’Effikassitéit vun de Schnelltest ugeet?

  2. Ass d’Santé iwwert d’Grënn informéiert, firwat dësen Test an Däitschland net als “Laientest” zougelooss ass?

  3. Firwat gouf den “Nasenbohrer” Test zu Lëtzebuerg fir de Public zougelooss?  Firwat gouf den Test vun der selweschter Firma, gennant “NASOCHECKcomfort”, deen an Däitschland fir jiddereen erlaabt ass, zu Lëtzebuerg nach net erlaabt?

  4. Wéi vill Schnelltester vun dësem Typ “Nasenbohrer” goufe vum Staat kaaft? Wou goufen dës Tester bis elo agesat (opgelëscht no Unzuel)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4160

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt