Zu Gast am Land: E Puzzle – vill Stécker

D’Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg: E Problem deen zanter Joren – wat soen ech, zanter Joerzéngten – bekannt ass an déi haiteg Regierung ass net déi éischt, déi sech Zänn drun ausbäisst. D’Fakten leien um Dësch. D’Präisser explodéieren: déi vun den Haiser, déi vun den Appartementer an natierlech och déi vun de Bauplazen. Wann en Haus an der Agglomeratioun Lëtzebuerg an der Moyenne 1,6 Millioune kascht, wann en Appartement « en état de futur achèvement » bis zu 15.000 Euro de m2 zu Bartreng oder zu Stroosse kascht, wann en Terrain an der Stad 500.000 Euro den Ar kascht, oder méi, da gräift ee sech un de Kapp.

 

D’Debatten widderhuelen a gläiche sech, sief et an der Chamber, bei RTL oder bei enger vun de sëllechen anere Veranstaltungen zum Thema. Wéi soen eis däitsch Noper: „Es ist zwar schon alles gesagt, aber noch nicht von jedem!“ Mir Piraten probéieren an dësem Beräich, wéi a villen aneren, méiglechst pragmatesch a konkret ze sinn.  Natierlech kann dat, wat an deene leschte Joer am Wunnengsbau verschlof ginn ass elo net kuerzfristeg an d’Rei bruecht ginn. Eist Land brauch eng Wunnengspolitik, déi sech dëser Tatsaach bewosst ass an d’Fakten net beschéinegt. Esou steet et schonn an eisem Parteiprogramm. Et ass méiglech, dass déi ëffentlech Hand Wunnenge baut, déi fir e soziale Präis vun 10 Euro de m2 verlount ginn. Och dëst eng laangjäreg Fuerderung vun de Piraten!

 

Mir hunn an de leschten zwee Joer net manner wéi dräi Gesetzpropositiounen op de Wee bruecht, dräi Piècen, déi dozou bäidroe sollen e Puzzle mam Numm „Wunnengskris“ ze léisen. Déi  éischt Propositioun (Nr. 7503) betrëfft de « bail à usage d’habitation ». Et geet eis hei drëm, d’Rechter vum Locataire par rapport zum Propriétaire ze stärken, an deem Sënn datt de « bail à durée indéterminée » d’Regel soll sinn an et net méi zu automatesche Verlängerungen vu befristete Verträg kënnt. Natierlech kann e Mietvertrag vun deenen zwou Säiten gekënnegt ginn, mee nëmmen wa gewësse Reegelen agehale ginn.

 

Bei der zweeter Propositioun (Nr. 7898), déi ech zesumme mam Sven Clement deposéiert hunn, geet et ëm d’Besteierung vu Bauplazen ab enger gewësser Gréisst, ënnert  gewësse Bedingungen a mat enger mathematescher Formel, déi d’Strooss hält. All Persoun huet 8 Ar fir de perséinleche Bedarf fräi. Eng Koppel mat zwee Kanner profitéiert deemno vun engem Abattement vun 8 mol 4, also 32 Ar. D’Formel fir d’Steier auszerechnen baséiert op zwou Variabelen, d’Gréisst vum Terrain an d’Zuel vun de Joren wärend deenen déi betraffe Bauplaz (vun der Kategorie B6) schonn als solch ausgewisen ass. D’Zieler vun dësem Text sinn d’Spekulatioun ze bekämpfen, déi kleng Propriétairen an de Mëttelstand ze schützen, nei Einnamen ze generéieren fir den nei geschaafene Spezialfong an d’Fërderung vu bezuelbarem ëffentleche Wunnraum.

 

Virun 10 Deeg hu mir eng weider Propositioun deposéiert wou et em eng Deckelung vun de Kommissioune geet, déi d’Immobilienagence kréien. 3% vun enger Millioun Euro sinn 30.000 Euro. 3% vun dräi Milliounen Euro sinn da schonn 90.000 Euro, an esou geet et weider. Dat ass net normal an dat verstäerkt nach déi Präistreiberei, déi mir souwisou schonn hunn. Duerfir d’Propositioun vun de Piraten: eng Deckelung vun de Kommissiounen op ronn 25.700 Euro (Index 100). Dës soll bezuelt ginn vun deem, deen op d’Servicer vun enger Agence zeréckgräift, sief et de Keefer oder de Verkeefer.
Wat d’Logementskris ugeet, hu mir also scho vill Propose gemaach a wäerten och weiderhin um Ball bleiwen.    

 

Marc Goergen, Deputéierten vun de Piraten         

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat