Zréckbezuele vun Auslandsrechnunge vu Kinéen

Mir si Fäll zougedroe ginn, wou Leit, déi ee Kiné am Ausland opsiche, mat laange Remboursementsdelaie bei der CNS an der CMFEP konfrontéiert sinn. Anescht wéi bei de Rechnunge vu Kinéë mat Praxis zu Lëtzebuerg, muss een dës Rechnunge virstrecken a kritt eréischt spéider säi Geld rembourséiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass momentan d’Moyenne vum Delai fir d’Zréckbezuele vun Auslandsrechnunge vu Kinéen? Wéi war den Delai d’lescht Joer ëm dës Zäit?

  2. Hänken eventuell Verspéidungen hei mam neie Logiciel zesummen, deen de Minister an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°8043 erwäänt?

  3. Wat kënnen d’Leit maachen, déi schonn e puer Kinésrechnungen agereecht hunn an nach kee Remboursement kritt hunn, fir d’Geld méi séier erëm ze kréien, wëssend dass verschidde Leit hei op e puer Dausend Euro Remboursement waarden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8131

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen