Zoustand vun de lëtzebuergesche Bëscher

Laut de leschten Donnéeën, déi vum Statec fir Bëscher disponibel sinn, hat Lëtzebuerg 2010 e Bëschbestand vu ronn 86.150 Hektar oder 33,30% vun der Gesamtfläch vum Land. Gläichzäiteg constatéiert de STATEC fir d’Joer 2018 en Zoustand vum Bësch wou 31,4% vun de Beem staark an 36,8% vun de Beem liicht beschiedegt sinn.

Erëm fir 2010 huet de STATEC uginn, datt bal en Drëttel vun alle Bëscher aus Nolenholz bestinn.

Rezent gouf am däitsche Magasinn DER SPIEGEL e gréissere Reportage iwwert den Zoustand an den Impakt vu Bëscher virun allem am Kontext vum Klimawandel publizéiert. Dësen huet  d’Studie vum Crowther-Lab zitéiert an e Fierschter aus dem Saarland zu Wuert komme gelooss, deen op d’Nodeeler vun ze vill Monokulturen am Bësch verwisen huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech de Bëschbestand zanter 2010 zu Lëtzebuerg entwéckelt? (Opgeschlësselt no Privat- a Staatsbësch)
  2. Wéi vill Hektar Bëscher zu Lëtzebuerg sinn als Monokulturen ze klasséieren? Wéi vill als e gemëschte Bësch?
  3. Wéi gesäit déi selwecht Opdeelung just bei de staatleche Bëscher aus?
  4. Wéi verdeelt sech statistesch (ausgedréckt an Deziler) de Besëtz vu Privatbëscher op Eenzelpersounen?
  5. Wéi vill Prozent vum Bësch, opgedeelt no Privatbësch a staatlechem Bësch, séi och no Kanton, si vum Borkenkäfer befall?
  6. Fir wéi vill Hektar Bësch goufen Ausnahmegeneemegungen ugefrot wéinst Borkenkäferbefall
    • ënnert den Dispositioune vum Artikel 13 vum Gesetz vum 18. Juli 2018?
    • ënnert dem Gesetz vum 30. Januar 1951 (Artikelen 2 an 3)?
  7. Fir wéi vill Volume Holz gouf ënnert Applikatioun vum Gesetz vum  4. Dezember 1967 e reduzéierte Steiersaz op Beneficer aus dem Holzverkaaf ugefrot
    • éinst Borkenkäferbefall?
    • aus anere Grënn?
  8. A wéi vill Fäll, opgeschlësselt no Kanton, gouf eng Ausnam fir d’Verbrenne vu Krounematerial op Basis vum Gesetz vum 21. Mäerz 2012 an der Note de service vum 31. Oktober 2017 ausgestallt?

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister