Zousätzlechen Audit zur Aktioun SuperDreckskëscht

Context:Gesetzesprojet 7950 iwwert d’Finanzierung vun der Aktioun SuperDrecksKëscht

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Am September 2021 goufen d’Analysen zur Aktioun SuperDreckskëscht vu „Muller&Associés“ virgestallt;
  • D’Auditeure vun der Aktioun SuperDreckskëscht hate keng Asiicht an d’Bilanze vun OSL an hunn och net déi Sous-traitante vun OSL ënnersicht, déi (ganz oder zum Deel) dem selwechte Bénéficiaire effectif gehéieren;
  • An der Presentatioun vum Audit ass ze liesen: “Ce rapport ne constitue pas un audit selon les normes internationales d’audit, ni un examen limité.“ ;
  • An der Presentatioun vum Audit ass ze liesen, dass den Auditeuren den Accès zu wichtege finanzielle Mouvementer vun OSL gefeelt huet. Dorënner ënnert anerem d’Dividendes payés, d’Corrections de valeur au niveau des participations an d’Comptes courants entre sociétés liées ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Een Audit an Optrag ze ginn, deen den internationalen Normen entsprécht an all déi uewe genannte Punkten ënnersicht.
Eis Motioun gouf vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent.

Zesummenhang posts

A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder