Zounam vun Aggressioune mat Messeren zu Lëtzebuerg

An der Nuecht vum 10. op den 11. Januar 2026 koum et zu Rodange an zu Rëmeleng zu zwee schwéieren Tëschefäll, bei deenen zwou Persoune mat Messere blesséiert goufen. D’Police huet an deenen zwee Fäll misse reagéieren an huet zwee Verdächteger festgeholl. Béid Tëschefäll hunn sech laut Medieberichter a Caféen ofgespillt, an déi Blesséiert hu missen hospitaliséiert ginn.
Dës Virfäll reien sech an eng scheinbar Zounam vun Aggressioune mat Waffen an, déi an de leschte Méint zu Lëtzebuerg festgestallt goufen. Dëst werft Froen op iwwert d’Sécherheet an eise Gemengen an iwwert d’Moossnamen, déi d’Regierung plangt fir d’Gewalt am ëffentleche Raum anzedämmen, besonnesch am Kontext vun Aggressioune mat Stéchwaffen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Aggressioune mat Messeren oder anere Stéchwaffe goufen an de leschten 12 Méint zu Lëtzebuerg registréiert, a wéi verdeelen dës sech op déi verschidde Gemengen?

  2. Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung, fir d’Zuel vun Aggressioune mat Stéchwaffen ze reduzéieren?

  3. Gëtt et Pläng fir d’Gesetzgebung am Beräich vum Besëtz an dem Droe vu Messeren oder anere Stéchwaffen ze verschäerfen?

  4. Wéi eng preventiv Moossname ginn aktuell ëmgesat, fir d’Gewaltbereetschaft an eise Gemengen ze reduzéieren, a wéi ginn dës evaluéiert?

  5. Wéi eng speziell Formatiounen erhält d’Police, fir mat Situatiounen ëmzegoen, wou Stéchwaffe benotzt ginn, a gëtt et Pläng, fir dës Formatioune weider auszebauen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3441

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë