Zouloossung vu Medikamenter

All Mënsch ass mindestens eng Kéier am sengem Liewe krank a brauch dowéinst Medikamenter. Et komme stänneg néi Medikamenter an Traitementer op de Marché. Vill Medikamenter, déi bei eis verkaaft ginn, kommen aus der Belsch. Am August 2022 gouf sech schonn an der parlamentarescher Fro n. 6611, iwwert d’Festleeë vun de Präisser vu Medikamenter informéiert. An der Äntwert op dës Question parlementaire steet, dass de Präis fir en Medikament muss vun der INAMI publizéiert gi sinn, fir dass hei zu Lëtzebuerg de Präis ka festgeluecht ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat waart de betraffene Ministère op d’Verëffentlechung vum Präis vun der INAMI a freet en net direkt beim belsche Wirtschaftsministère un, den an der Belsch d’Präisser fir d’Medikamenter festleet?
  2. Firwat gouf nach kee bilateraalt Ofkommes iwwert d’Präisser vu Medikamenter mam belsche Wirtschaftsministère ofgeschloss, fir d’Verfügbarkeet vun de Medikamenter hei zu Lëtzebuerg ze beschleunegen? Ass geplangt dëst nozehuelen?
  3. Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt vum Zäitpunkt vun der Zouloossung vum Medikament duerch d’EMA, bis en Medikament hei am Land an der Apdikt disponibel ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7100

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt