D’däitsch Inneministesch huet an engem Interview mat der Tagesschau den 26te Mee gesot, et misst een zousätzlech Sécherheetsmesuren am Kader vun der Fussball EM an Däitschland huelen, déi den 14te Juni ugeet. An de “kommenden Deeg” sollten dës Mesuren a Kraaft trieden, sot d’Ministesch Faeser, an datt si ab Juni d’Genzen insgesamt wäert zoumache loossen – och a Richtung Westen. Esou Grenzkontrolle kéinnten d’Grenzgänger op der Däitscher an der Lëtzebuergescher Säit vill Zäit kaschten. An enger Äntwert op d’Fro n°567 huet den Inneminister schonn éicht Erklärunge ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Bis ewell ass de Message zu den Grenzkontrollen nach net an der breeder Populatioun ukomm. Plang d’Regierung d’Frontalieren an d’Residenten nach iwwert dës ugekënnegt Kontrollen ze informéieren? Wéi wäert d’Regierung d’Leit, déi hei am Land wunnen a schaffen, iwwert dës Kontrollen opklären?
-
“La police allemande devrait procéder entre autres à des contrôles proactifs aux frontières avec le Luxembourg.” Wat fir Kontrolle si genau vun Däitschland bis ewell ugekënnegt ginn?
-
An der Äntwert op d’Fro n°567 seet den Inneminister datt d’Kontrollen op den Zäitraum vun der EM begrenzt wieren (14-06 bis 14.07). An däitsche Medien gëtt d’Ministesch awer un, datt d’Kontrolle scho sollen “ab Juni” starten, domat ass wuel éichter den 1te Juni gemengt. Huet sech hei eppes geännert oder waren d’Ugaben aus der Äntwert hei net korrekt?
-
An engem Pressecommuniqué vum Inneministère kann ee liesen: “le ministre a plaidé pour une mise en œuvre mesurée, ceci également dans l’intérêt des travailleurs frontaliers.”
Wat fir eng Léisunge huet de Minister hei konkret virgeschloen? Wat huet d’Inneministesch an deem Sënn versprach, respektiv wat ass nom Gespréich zréckbehale ginn?
QP Nummer 792
Dës Fro ass vum Chamberspresident net als dréngend unerkannt ginn.