Zonk géint Verbreedung vun der afrikanescher Schwéngspescht

Am Mee 2019 huet d’Arméi een 10 Kilometer laangen Zonk no un der belscher Grenz gebaut, fir ze verhënneren, dass Wëllschwäin, déi sech méiglecherweis mat der Schwéngspescht ugestach hunn, an d’Land kommen. Stand 31ten August 2021 goufe 24 Schwäin hei am Land getest a keen Test ass positiv ausgefall. Den 1,4 Meter héijen Zonk hält awer natierlech net nëmme Wëllschwäin op mee och aner Déieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir eng Auswierkunge vum Zonk op aner Déierenaarten (Verhalen, Beweegungen, Verletzungen,….) konnte bis elo festgestallt ginn?

  2. An der Äntwert op d’Fro n°882 huet de Minister erkläert, dass Gatterfaalen an der Zone Blanche zum Asaz komme kënnen.  • Wéi vill dëser Fale goufe säitdeem an der Zone blanche genotzt?  • Si mat dëse Falen och aner Deieren, wéi nëmme Wëllschwäin, gefaange ginn?  • Wa jo, konnten dës onverletzt erëm ausgesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5466

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen