Zesummespill tëschent der Markets in Crypto-Assets Regulation (MiCA) an der Payment Services Directive 2

Dës Woch huet d’European Banking Authority (EBA) hir laang erwaart Stellungnam iwwer d’Zesummespill tëschent der Markets in Crypto-Assets Regulation (MiCA) an der Payment Services Directive 2 (PSD2) verëffentlecht. Dës Stellungnam weist op eng problematesch Situatioun hin, déi bedeitend Onsécherheet fir Crypto-Asset Service Provider (CASPs) zu Lëtzebuerg a ganz Europa schaaft. Laut Artikel 48(2) vu MiCA gi Stablecoins wéi Electronic Money Tokens (EMTs) elo legal als “elektronescht Geld” klasséiert, wat dozou féiert, datt CASPs, déi EMT-Transferen oder Custodial Wallets ubidden, zousätzlech eng Payment Institution Lizenz ënner PSD2 brauchen.
D’EBA selwer erkennt, datt dës duebel Lizenzéierung “disproportionéiert” an “onnëtz komplex” ass. Als Léisung proposéiert d’EBA eng Iwwergangsperiod mat enger “net ze no kucken” Approche, wou national Autoritéiten “encouragéiert” ginn, Schlësselreegelen vu PSD2 net ze enforcéiere bis 2026, ausser et gëtt Bedruch. Allerdéngs gëllt d’Liability-Regime direkt, wat bedeit, datt CASPs schonn elo fir Schied haften, wann se Strong Customer Authentication net ëmsetzen. Dës Situatioun schaaft massiv Rechtsonsécherheet an decouragéiert Innovatioun am Crypto-Secteur, deen zu Lëtzebuerg vu groussen Interessi ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi evaluéiert de Minister d’Auswierkunge vun der EBA-Stellungnam op lëtzebuergesch CASPs an d’Konkurrenzfäegkeet vun der lëtzebuergescher Finanzplaz am Crypto-Beräich?

  2. Wéi plangt d’Regierung, d’national Ëmsetzung vun der EBA-Empfeelung ze handhaben, besonnesch wat d’Iwwergangsperiod bis 2026 ugeet?

  3. Wéi vill lëtzebuergesch Firme sinn aktuell als CASPs lizenzéiert an a wéi engem Mooss géifen se vun der néier duebeler Lizenzéierungspflicht betraff sinn? Wéi vill hu well eng Duebel-Lizenz a wéi vill net?

  4. Wéi eng konkret Schrëtt ënnerhëlt de Minister, fir d’Rechtsonsécherheet ze reduzéieren an d’Compliances-Käschte fir CASPs ze minimiséieren?

  5. Plangt d’Regierung Initiativen op europäeschem Niveau ze ënnerstëtzen, fir dëse regulatoresche Konflikt tëschent MiCA a PSD2 strukturell ze léisen?

  6. Wéi schätzt de Minister de Risiko an, datt dës komplexe Regulatiounssituatioun zu engem “Brain Drain” am lëtzebuergeschen Fintech- a Crypto-Secteur féiert?

  7. Wéi plangt d’Regierung lëtzebuergesch CASPs bei der Navigatioun duerch dës nei regulatoresch Landschaft ze ënnerstëtzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2454

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene