Vill Impfstoffer, déi am Kader vun der Covid-19-Pandemie akaf oder bestallt goufen, hunn um Enn missten zerstéiert ginn, well d’Demande net méi esou grouss war, wéi ufangs gefaart. Wéinst lafende Laangzäitkontrakter, déi ënnerschriwwe goufen, si méi Vaccinen hiergestallt a verkaf ginn, wéi néideg. Dat war weder nohalteg um Ressourcen- an Emmissiounsniveau, nach gutt fir d’Staatsfinanzen. Trotzdeem erwaarden d’Hiersteller, dass déi iwwerflësseg Vaccinen ofkaf ginn, och wann d’Wuer net méi gebraucht gëtt. Dat huet sech och rezent nach emol gewisen an der Geriichtsaffär tëscht Pfizer an Ungarn, wou Pfizer geklot hat, well Ungarn 2022 refuséiert hat, fir déi bestallten, mee net méi gebrauchte Vaccinen, ze bezuelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Impfstoff-Dosen hu säit menger leschter Fro vum Oktober 2023 zousätzlech zu de scho bekannten Dose missten zerstéiert ginn?
Wéi vill Vaccinen huet d’Regierung bis elo missten insgesamt zerstéieren? Kann d’Regierung oplëschten ëm wéi vill Flaconen vu wéi engen Hiersteller et sech heibäi handelt?
Wéi héich war de Käschtepunkt bis elo insgesamt vun deenen zerstéierte Flaconen (Präis fir d’Impfstoffer)?
Wéi héich war de Käschtepunkt vun der Entsuergung vun deenen zerstéierte Flaconen insgesamt (Präis dir eng konform Entsuergung)?
-
Wéi vill Dose vu wéi engen Hiersteller muss Lëtzebuerg nach akafen, well nach eng kontraktuell Verflichtung dofir besteet?
-
Kann d’Ministesch eis d’Oflafdatumer grad ewéi déi verbleiwend Unzuel u Flaconen vun all deene verschiddenen Impfstoffer ginn, déi Lëtzebuerg am Moment op Stock huet?
-
Erwaart Lëtzebuerg nach Impfstoffliwwerungen?
Falls jo: Ass geplangt vollstänneg fir dës Liwwerungen ze bezuelen, oder ginn et Pläng fir Renegociatiounen?
Wéi héich ass de Montant?
QP Nummer 90