Bezierkskongress Zentrum 12ten Oktober 2022

Piratepartei wielt am Zentrum eng nei Ekip fir d’Waljoer 2023

D’Piratepartei huet den 12. Oktober zu Izeg en neie Comité fir de Bezierk Zentrum gewielt. Als Spriecher goufen d’Mandy Arendt, Gemengeconseillère vu Colmar-Bierg an de Mathis Godefroid gewielt. De Jerry Weyer wäert fir déi nächst 2 Joer als Koordinator de Bezierk Zentrum leeden.

Weider am Comité gewielt goufen d’Marie-Marthe Muller als Trésorière, an als weider Comitésmemberen Edgar Bisenius, Pascal Clement, Nadine do Carmo, Jean Heuschling a Luka Krauss.

Prioritéite vum neie Comité sinn d’Opstelle vun de Sektioune fir d’Gemengewalen 2023, mam Ziel mat weider Pirat:innen an d’Gemengeréit anzezéien.

Donieft ginn an de nächste Méint d’Chamberwale vun 2023 preparéiert, wou de Bezierk Zentrum sech mam Sven Clement als designéierte Spëtzekandidat wäert präsentéieren.

Fir weider Informatiounen ass de Koordinator vum Bezierk Zentrum Jerry Weyer op zentrum@piraten.lu an +352 661 860 401 z’erreeschen.

 

Kontakt Piratepartei Lëtzebuerg

ahoi@piraten.lu | +352 20 33 37 

 

Kontakt Piratepartei Bezierk Zentrum

zentrum@piraten.lu | +352 661 860 401 | Jerry Weyer

 

Kontakt Sektioun Stad Lëtzebuerg

stad@piraten.lu | Pascal Clement

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt