Impakt vun den héijen Zënsen op de Wunnengsmaart?

Aktuell gesäit et duerno aus, als géif de Lëtzebuerger Wunnmarché an eng nei Logementskris stierzen. Déi kumulativ an explosiv Präishaussen um Wunnmarché aus deene leschte Joren zesumme mat der restriktiver monetärer Politik vun der europäescher Zentralbank hunn dofir gesuergt, dass manner Suen an de Wunnmarché fléissen an dowéinst gëtt elo manner kaf a gebaut. Bei den Zuele vum STATEC gesäit een zum Beispill ee Réckgang bei de Baugeneemegungen vu ronn 30%.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei vill Ventë vu Wunngebaier an Terraine sinn d’lescht Joer bei den Notairen enregistréiert ginn, opgelëscht pro Mount?
    Wéi hunn déi Zuelen sech am Verglach zu de Méint vum Virjoer entwéckelt?

  2. Wéi vill Immobiliëkreditter goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zu de Virjoren entwéckelt?

  3. Wat ass d’Duerchschnëttsdauer vun den Immobiliëkreditter, déi d’lescht Joer opgeholl goufen? Wéi huet sech dës Zuel par Rapport zu de Virjoren entwéckelt?

  4. Wéi vill Immobiliëkreditter mat fixem Zënssaz iwwert déi gesamt Dauer vum Kredit goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zum Virjoer entwéckelt?

  5. Wéi vill Immobiliëkreditter mat variabelem Zënssaz goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zum Virjoer entwéckelt?

  6. Wéi vill Immobiliëkreditter mat fixem Zënssaz, mee op eng limitéiert Zäit (taux fixe révisable) goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zum Virjoer entwéckelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7432

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu