Zuucht vun Déieren als Fudder

Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht vun den erlabten Hausdéieren sti Mais an deemno gehéieren och dës Déieren geschützt. Et ass awer leider esou, dass Mais extra geziicht a verkaf ginn, fir se dann un aner Déieren ze verfidderen, notamment u Reptilien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et legal, Déieren ze ziichten, fir se un aner Déieren ze verfidderen? 

  2. Dierfen d’Déieren, déi op der Lëscht vum groussherzogleche Reglement sinn, un aner Déiere verfiddert ginn?
    Falls jo, wat muss hei respektéiert ginn?

  3. Wéi vill Autorisatiounen fir d’Zuucht vun Déieren sinn de Moment insgesamt ausgestallt?
    Wéi vill vun dësen Autorisatioune betreffen d’Zuucht vun Déiere fir Verfidderungszwecker?

  4. Ass gewosst, wéi vill Déieren fir Verfidderungszwecker a Lëtzebuerg importéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2232

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt