Zäitspuerkont bei den CFL

Den Zäitspuerkont (CET) ass geschaf ginn, fir souwuel de Betriber wéi och den Employéen méi Flexibilitéit unzebidden. Een Employé ka sech, op Demande, geleeschten Iwwerstonnen opschreiwe loossen, fir se duerno als Congésdeeg kënnen erëmzekréien. Och bei der CFL gouf den CET duerch d’Circulaire n°13 iwwert den OG13 den 1te Januar 2022 fir d’Agente vum Cadre permanent agefouert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt den Zäitspuerkont fir dat gesamt Personal vun den CFL ugewannt oder existéieren nach Posten, wou en aktuell nach net ugewannt gëtt?
    Falls en nach net iwwerall ugewannt gëtt, bei wéi enge Posten ass dëst de Fall, a wéi ass dës Differenzéierung tëschent de Beamten ze rechtfäerdegen? Ass dës ënnerschiddlech Behandlung am OG13 virgesinn?

  2. Wéini wäerten all d’CFL-Beamten den CET effektiv notze kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7747

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt