Industrie- an Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg

Et existéiere Reegele fir Viabiliséierung vum Terrainen duerch Promoteuren (Stroossebau, Leitungen asw) déi dono un d’ëffentlech Hand ofgetrueden ginn. An Industrie- an Aktivitéitszone sollt dat vum Prinzip hier net anescht sinn. An den Diskussiounen ronderëm d’Jughurtsfabrick vu FAGE gouf vill iwwert Terrainen an Infrastrukturaarbechte geschwat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Terrainen (Parzellen) existéieren an de nationalen Industrie- an Aktivitéitszonen?

  2. Wéi vill vun deenen Terraine goufe vum Staat verkaf a wéi vill goufe verlount oder iwwer Bail emphytéotique oder Änleches zur Verfügung gestallt?

  3. Wéi vill Industrie– an Aktivitéitszonen ginn et, an deenen de Wirtschaftsministère nach keng Kanalaarbechten duerchgefouert huet, respektiv, wou d’Entreprise fir d’Kanalaarbechte selwer opkomm sinn?

  4. Wéi vill Industrie- an Aktivitéitszonen hu kee globale Commodo-Incommodo?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2772

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen