Verstäerkt Wunnengsspekulatioun duerch Organismes de titrisation

Sven Clement:

Merci Här President,

Mat dësem Gesetzesprojet sollten a puer punktuellen Ännerunge komme wat d’Reegele fir d’Verbréifungsgesellschaften, also déi Firmen déi Wäertpabeieren opsetze betreffen. Zum Beispill sollen dës speziell Firmegesellschafte sech dann elo och missen am Registre de commerce androen.

Esou wäit, esou gutt. Mee nee leider net.

Dëse scheinbar onspektakuläre Gesetzesprojet ass nämlech alles anescht wéi dat.
D’Stëmme vun dësem Projet wäert dozou féieren,
dass d’Immobiliëspekulatioun zu Lëtzebuerg weider ugeheizt gëtt.

Do freet een sech firwat?

Wëll mat dësem Gesetzesprojet, an do ass de Staatsrot enger Meenung mat mir an Zukunft dës Finanzgesellschafte direkt kënnen Immobilië kafen oder och indirekt duerch Duerschterfirmen an de Besetz vu Wunnenge kommen.

Dës Gesellschafte sinn reng op Finanzproduite spezialiséiert. Si wäerte keng Wunnengen hei am Land bauen. Si kafe just. A verkafen dann erëm zu engem méi héije Präis.

U sech e Skandal.

Esou muss een et einfach soen. Jorelaang gëtt dem Bierger an der Biergerin dobausse gesot, et wier een sech der Logementsproblematik bewosst, et wéilt ee géint Spekulatioun virgoen, an dann esou eppes!

Dat kënne mir Piraten net akzeptéieren. Ech kann net novollzéien, wéi esou eppes kann sinn.

Et gouf dunn an de Rapport eng Note opgeholl, dass dës Firme keng Activité commerciale mat dëse Wunnengen dierfen ufänken. Dat ass, mir wëssen, mir kennen déi Diskussioun iwwert d’Activité commerciale, méi wéi genuch an dat ass awer esou ee Gummisbegrëff, wann ee weess wéi vill déier Firmestrukturen et ginn a wann een Zweckgesellschaften all kéiers fir een Objet, allkéiers eng Zweckgesellschaft ka maachen, bedenkt wéi vill der Firme-Strukturen et ginn an dass een Zweckgesellschaften dann fänkt et awer un iergendwou cocasse ze ginn.

An da steet et just am Rapport. Et steet net am Gesetz.

Op der enger Säit versprécht eis de Premier an senger Ried zum Etat de la Nation eng Spekulatiounssteier an eng Reform vun der Grondsteier, zwee Projete zu deenen mir nach ëmmer keng Detailer kennen.

Mir als Chamber wëllen d’Recht op Wunnraum souguer als Staatszil an d’Verfassung schreiwen. An dann dat hei.

Eng Firma déi Wäertpabeier op de Marché bréngt an all déi Firmen un deenen dës éischt Firma Parten besetzt soll Haiser an Wunnenge dierfen besetzen. Soll mat dëse Wunnengen dierfe Profit maachen. Dat ganz hei wéisst einfach ewéi onéierlech d’Logementskris ugaange gëtt. Op der enger Säit versprieche mir Besserung,
fir op der aner Säit dann esou Projeten ewéi déi heiten ze stëmmen.

Här President,

Ech kann iech ganz kloer soen, dass mir Piraten dëse Projet net matstëmme wäerten. Mee ganz einfach wëll d’Logementskris ze akut ass, fir elo nach d’Immobiliespekutlatioun weider unzeheizen.

Eis Positioun ass also kloer.

Un der Regierungspositioun hunn ech spéitstens no dësem Gesetzesprojet nawell awer meng Zweiwel.

Well wa mir hei am Rhythmus vun der Sprangpressessioun beim Thema Logement Gesetzer ausschaffen, dann ass d’Logementskris nach eppes wat eis Enkelkanner wäert beschäftegen.

Dëst Gesetz ass ee grousse Schrëtt no hannen a keen no vir a fënnt dowéinst net eis Ënnerstëtzung.

Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an