Wunneng am Trump World Tower zu New York gelount

Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder am Trump World Tower wunnt esou laang d’Gebailechkeeten vu Lëtzebuerg renovéiert ginn.
Den Minister seet dann a senger Äntwert:
“”Anescht ewéi den „Trump Tower“ op der fënnefter Avenue, ass den Donald Trump net Propriétaire vun dësem Gebai.””

Wann een awer um Site vum Trump World Tower no den Appartementer kuckt, gesäit een, dass hei “Trump International Realty” als Immosagence zoustänneg ze si schéngt. D’Jongen vum Donald Trump, den Donald Trump Jr. an den Eric Trump sinn “Executiv Vice Presidents” vun der Firma, een Executiv President schéngt et net ze ginn. Den Copyright vun der Website vum “Trump World Tower” gehéiert dann och der Trump Organization.

Reuters huet dann och 2019 folgendes bericht:
“”[…] Trump does earn income through the Trump Corporation, a Trump-owned company that manages Trump World Tower and draws its income from fees paid by unit owners, according to the building’s financial records.

In 2017, the president earned more than $15 million in management and related fees through the properties managed by the Trump Corporation, according to the president’s financial disclosure. The document did not reveal how much of that sum came from Trump World Tower.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Ministère ausschléissen, dass hei Gelder vum Lëtzebuerger Staat vun eng Firma gefloss sinn, déi ganz oder zum Deel dem Donald Trump gehéiert?

  2. Huet de Staat dës Wunneng duerch Trump International Realty gelount? Wa jo, wat waren d’Kommissiounskäschten?

  3. Irak, Kuwait, Malaysien, Saudi Arabien a Russland loune repsektiv besetzen Appartementer am Trump World Tower. Wéi ass sécher gestallt, dass d’Appartementer, déi vu Lëtzebuerg gelount ginn, sécher si viru Cybercriminalitéit oder soss Spionage?

  4. Ass de Minister der Meenung, dass et moralesch ze vertrieden ass, dass am Trump World Tower eng Wunneng gelount gouf? 

  5. Wat fir een Afloss op d’Aschätzung huet an dem Kader d’Urteel vum Letitia James, New York State’s attorney general, géint den Donald Trump? https://www.nytimes.com/2023/09/27/nyregion/trump-fraud-trial-ny-ruling.html

  6. Ass de Minister der Meenung, dass d’Loune vum Appartement am Trump World Tower een diplomatesche Faux-pas duerstellt?

  7. Wéi stellt de Minister sécher datt an Zukunft Äntwerten op parlamentaresch Froen déi ganz Wourecht ofbilden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8352

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an