Verkéierssituatioun Wuermer-Dräibuer

Am Joer 2013 gouf an der Rue Principale zu Wuermer ee Sens unique agefouert, well zu Gréiwemaacher eng nei Bréck gebaut gouf. Nom Bau vun der Bréck gouf d’Einbahnstrooss bäibehalen. D’Rue Principale gëtt vu villen däitsche Pendler als Duerchgangsstrooss fir an d’Stad benotzt. Verschidden Awunner beschwéieren sech, dass de Sens unique d’Verkéierssituatioun am Zentrum vu Wuermer zousätzlech belaascht an hier Liewensqualitéit degradéiert, well d’Autoen am Krees duerch d’Duerf fueren.

Ee Kollektiv vun Awunner zu Wuermer huet d’Iddi opbruecht, fir een Tunnel ze schafen, dee vu Wuermer bis op d’Tréierer Autobunn (A1) féiere géif an deemno d’Rue Principale, mee och d’Ëmgoungsstroossen déi vu Wuermer duerch aner Uertschaften an d’Stad féieren, entlaaschte soll.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit de Minister d’Iddi, fir mat engem Tunnel, deen op d’A1 féiere géif, d’Verkéiersopkommes op dëse Stroossen an dëser Regioun z’entlaaschten? 

  2. Besëtzt de Verkéiersministère Donnéeën zum Verkéiersopkommes an der Rue Principale, op der Route du Vin souwéi an der Rue de Dreiborn zu Wuermer?
    Falls jo, wéi vill Gefierer fueren am Duerchschnëtt wärend engem Schaffdag duerch d’Rue Principale, wéi vill duerch d’Route du Vin a wéi vill duerch d’Rue de Dreiborn?

  3. Wéi een Impakt huet d’Aféiere vun engem Sens unique an der Uertschaft Wuermer a punkto Verkéiersopkommes a Loftqualitéit wärend de Spëtzenzäiten? Wat sinn d’Erfarungswäerter op anere Platzen am Land, wou ee Sens unique agefouert gouf an déi vergläichbar si mat der Situatioun zu Wuermer? Gesäit de Mobilitéitsministere d’Einbahnstrooss zu Wuermer als sënnvoll un? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5721

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen