Wou baut de Staat nach iwwerall Gasheizungen?

Duerch déi aktuell geopolitesch, ekologesch an ekonomesch Krise gerode Gebaier, déi mat fossillen Energien, wéi Gas, gehëtzt ginn, ëmmer méi an d’Kritik, dëst am Hannergrond vum Paräisser Klimaschutzaccord, deen och Lëtzebuerg 2015 mat ënnerschriwwen huet. Et ass gewosst, dass Gas keng nohalteg Léisung fir eist Klima an d’Ëmwelt duerstellt. An enger Motioun vun Déi Gréng am Stater Gemengerot vum 22ten Abrëll 2022 gouf gefuerdert, dass Gebaier, déi vun der Stad gebaut ginn, net méi mat Gasheizunge sollen equipéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gebaier, déi säit 2016 vun der ëffentlecher Hand gebaut goufen, goufe mat enger Gasheizung equipéiert? Wéi vill Gebaier sinn aktuell nach a Planung a kréien eng Gasheizung?  Falls keng Donnéeë virleien, kënnen d’Ministeren ausschléissen, dass vun de säit 2016 gebaute Gebäier méi wéi 75% mat Gas gehëtzt ginn?

  2. Wéi vill Wunngebaier, déi vum Staat, vu staatleche Fongen oder vu Etablissements publics gebaut oder matfinanzéiert goufen, si säit 2016 mat Gasheizungen equipéiert ginn?   Falls keng Donnéeë virleien, kënnen d’Ministeren ausschléissen, dass vun de säit 2016 gebaute Gebäier méi wéi 75% mat Gas gehëtzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6214

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen