Witwesteier

Zu Lëtzebuerg ass et esou, dass eng Persoun, nom Doud vu sengem Liewenspartner, no enger Transitiounsphas vun 3 Joer aus der Steierklass 2 erausfält. Dëst bedeit, dass Persounen 3 Joer nom Doud vun hirem Partner vill méi Steiere musse bezuelen. Dës Persounen, déi schonn duerch den Doud vun engem geléiwte Mënsch ee Schicksalsschlag erliewen, ginn duerno wéinst hirer néier Liewenssituatioun nach finanziell vum Staat bestrooft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune goufen an deene leschte 5 Joer nom Doud vun hirem Partner aus der Steierklass 2 ausgeschloss, opgelëscht no Joer?

  2. Op wéi vill Recettë géif de Staat verzichten, wann een dës Dispositioun géif am Sënn vun de Wittmänner- a Fraen änneren, oder anescht gesot: wat géif et de Staat kaschten, wann een d’Witwesteier géif ofschafen an dës Persoune weiderhin an der Steierklass 2 bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5212

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene