Wifi an Zuch a Bus

Am Kader vun der parlamentarescher Fro n°2549, huet de Mobilitéitsminister erkläert, dass et beim Ausbau vum Wifi an den Zich vum CFL duerch d’Covid-19 Pandemie wäert zu Verspéidunge kommen an dass “am Moment [net geplangt ass], fir dat aktuellt Zuch-Material mat Wifi z’ekipéieren.” An de momentan benotzen Zich soll also kee Wifi agebaut ginn, nëmmen an de bestallten, néien Zich. Gläichzäiteg kann een um Site vum CFL liesen:  “Die 34 bei Alstom bestellten Züge der neuen 2400er- Serie (Typ „Coradia“) werden mit einem Wi-Fi-Verbindungssystem ausgestattet und verstärken die bestehende CFL-Flotte bis Dezember 2024. In der Zwischenzeit wird die Installation von Wi-Fi auf bestehendem Material untersucht, insbesondere für DOSTO-Züge.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An wéi villen Zich kënnen d’Passagéier momentan vu fräiem Wifi profitéieren?

  2. An wéi villen Busser kënnen d’Passagéier momentan vu fräiem Wifi profitéieren?

  3. Bis wéini plangt de Ministère Wifi op allen Zuchstrecke kënnen z’assuréieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4863

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen