ACCOUNT

Gratis Wifi am Zuch!

Context:

Financement des grands projets d’infrastructure réalisés par l’État

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten hat am Joer 2016 op d’parlamentaresch Froen n°2628 & 2337 geäntwert, dass de Wifi an den Zich sollt getest ginn an op där Basis dat entspriechend Fuermaterial wäert ausgewielt ginn.
  • A senger Äntwert op d’Fro n°1758 aus dem Joer 2020 hat de Minister geschriwwen
    Et ass geplangt fir zukënfteg een Deel vun eisem Zuchmaterial mat WIFI z’ekippéieren. Heibai mussen awer nach verschidde Funktionstester duerchgefouert ginn, soudatt et momentan nach net méiglech ass fir konkret ze soen ab wéini dëse Service kann an eisen Zich ugebuede ginn. Et sief awer an dem Zesummenhang bemierkt, datt d’Qualitéit vun enger WIFI-Verbindung och vun enger gudder Netz Ofdeckung duerch de GSM-Réseau ofhängeg ass.”
  • An der Äntwert op d’Fro n°4863 aus dem Joer 2021 hat de Minister geschriwwen
    D’Meiglechkeet fir WIFI am bestoenden Zuchmaterial nozereschte gouf effektiv analyseiert, wourops hin awer decideiert gouf fir WIFI an enger eischter Phase just an de neien Automotrice vu de Serien 2400/2450, dei progressiv teschent 2023 an 2025 a Betrib geholl ginn, unzebidden. […] Laanscht d’Zuchstrecken ass d’Eisebunn ofhängeg vum Fortschrett an der Netzversuergung duerch dei effentlech Operateuren.”
  • An der Äntwert op d’Fro 5139 vum leschte Joer huet de Minister Erklärungen geliwwert, op wéi enge Plazen am Land eng stabill Wifi-Verbindung haut scho méiglech wier;
  • Am Joer 2022 existéiert an den Zich vum CFL nach ëmmer kee funktionéierende Wifi an de Projet n°41 vun den Infrastrukturprojete gesäit eng weider Etüd a Pilotprojete vir, fir eng stabil Wifi-Verbindung an den Zich z’erméiglechen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. op deene Strecken, wou et Stand haut méiglech ass, endlech déi néideg Moossnamen z’ënnerhuelen, fir de Wifi an den Zich vum CFL ze realiséieren.

Zesummenhang posts

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande
Haut kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung
Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit