ACCOUNT

Wien dierf weini aus der Quarantän?

Am Fall, wou eng Persoun wéinst dem Covid a Quarantän muss, gëllt dës Quarantän fir 7 Deeg, falls d’Testresultat vum 6ten Dag negativ ass. Am Normalfall dierfen déi Betraffen hiert Doheem net verloossen. Am Fall, wou den Direkter vun der Santé awer eng Autoristation de sortie ausstellt, existéieren Ausnamen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn d’Bedingunge vun enger Autorisatioune fir d’Sortie? 

  2. Muss all betraffe Persoun selwer eng Demande fir eng Autorisation de sortie areschen oder gëtt dës och d’Office u verschidde Persounen ausgestallt? 

  3. Wéi ass dëst bei Enseignante gehandhaabt? Wéi bei de Schüler?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5158

Zesummenhang posts

Mam Budget 2021 gouf d’Taxe d’abonnement ugepasst. Fongen, déi elo kënne virweisen, dass se zu 50% an nohalteg Produite bestinn, bezuele just nach 0,01%
De Konzern Philips huet am Juni 2021 eng Pressematdeelung raus ginn, laut der verschidden Otemgeräter missten zréckgeruff ginn. Et geet ee vu 5,5 Milliounen
D’Regierungspartei vum Här Mobilitéitsminister huet a Social Media Posten ugekënnegt, dass d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November géife mat