Whistleblower am ëffentlechen Déngscht

De Jim Collins, ee Management-Expert aus den USA, beschreift a ville vu senge Bicher, wéi Organisatiounen optimal funktionéiere kënnen. An Etüden, wou dausende vu qualitativen a quantitativen Donnéeën, analyséiert a synthetiséiert goufen, konnt de Collins feststellen, dass Organisatiounen, déi sech kritesch hannerfroen, eng besser Performance weisen ewéi Organisatiounen, déi dorobber aus sinn, bei schlechten Nouvellen den Iwwerbrénger vun der Noriicht zum Schweigen ze bréngen. D’Prinzippien sinn u sech ganz kloer, “Don’t shoot the messenger” an “Confront the brutal facts”.

Etüden, ewéi déi vum Jim Collins, ënnersträichen d’Wichtegkeet vum interne Feedback an hunn als logesch Konsequenz, datt de Whistleblowing eng gutt Saach ass, well en op intern Mëssstänn opmierksam mëscht an dozou bäidroe kann, dass eng Organisatioun sech verbessert. D’Experienze vum Collins goufen och an Organisatioune vum ëffentlechen Déngscht confirméiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Ministèren existéiert eng anonym Stell, wou d’Beamten an d’Employéeën op Mëssstänn an enger Organisatioun opmierksam maache kënnen?

  2. Wéi vill Plainte goufen zënter 2015, also zënter dem Aféieren vun der Gestion par Objectifs bei den Humanressourcen an der Fonction publique, gemaach? A wéi ville Fäll dovunner gouf dem Plaignant Recht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3786

Zesummenhang posts

Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today
Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion
D’Madamm Inneministesch huet eis an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 7679 opgekläert, dass, d’Kandidaten net ënnert deenen 50 Persounen dierfen sinn, déi fir