Wellness am Dhoil zu Rodange

 Zu Rodange soll ee Jugend- a Familljenhotel gebaut ginn an dëse Projet stéisst op Widderstand vu Bierger:innen aus der Gemeng Péiteng, well een hei, no vun engem Natura2000-Gebitt, wäert eng gréisser Fläch versigelen, op Käschte vun der Natur. Den Ëmweltministère hat den 13te Juli 2022 op Basis vum Naturschutzgesetz eng Autorisatioun ginn, déi de Bau vun engem Familljenhotel am Dhoil zu Rodange erlaabt.
Nieft dem Hotel ass och de Bau vun engem We

llness-Zentrum geplangt um Terrain mat der Parzellnummer 1376/6428, deen zwar am Bebauungsplang vun der Gemeng (PAG) an enger Zone “de bâtiments et d’équipements publics (BEP)” klasséiert ass, mee u sech eng natierlech Pufferzon an engem Natura2000-Gebitt ass. De Buergermeeschter huet op dëser Plaz gouf eng Baugenehmegung erdeelt an, an enger rezenter Äntwert op eng schrëftlech Fro informéiert, dass Sondagen um Terrain realiséiert goufen an 43.200€ virgesi sinn, fir geotechnesch an archeologesch Etüden hei ze realiséieren.

Op dësem Terrain war am Kader vun de Baugeneemegung d’Iddi an de Pläng opbruecht ginn, dass den Zougang zum Wellness iwwert een ënnerierdesche Passage oder Tunnel soll geschaf ginn, wat een Impakt op d’Ëmwelt wäert hunn, am Hibléck op Waasser (ënnerierdesch Quellen op der Plaz) souwéi den Aushub vu Buedem.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Musse fir de Bau op der Parzell n°1376/6428 Ëmweltimpaktetüde realiséiert ginn a wéi eng Aspekter vun engem Bauteprojet mussen dem Ëmweltminister virgeluecht ginn?

  2. Wäerten d’Resultater vun de Sondagen um Terrain souwéi d’Impaktetüde verëffentlecht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2116

Virëg parlamentaresch Froen

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene