Wéini dierf eng schwanger Enseignante eng Dispens kréien

Eng Schwangerschaft bedeit net nëmmen eng grouss kierperlech Verännerung fir d’zukünfteg Mam, mee och ënner Ëmstänn fir de berufflechen Alldag. Esou zum Beispill och am Enseignement, wou et d’Méiglechkeet gëtt, dass eng Dispens ausgeschwat gëtt. Hei ginn et awer wuel grouss Ënnerscheeder, wéi mir zougedroe gouf. Sou kann et sinn, dass eng Enseignante weider normal schaffe geet, wärend aner Enseignanten op eng administrativ Tâche gesat ginn oder esouguer ganz doheem bleiwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien huet alles d’Méiglechkeet, fir esou eng Dispens auszeschwätzen?

  2. Sinn d’Reegelen, fir esou eng Dispens auszeschwätzen, am Privatsecteur an an der Fonction public déi selwecht?

  3. Op wéi enge Krittäre baséierend gëtt eng Dispens ausgeschwat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 386

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt